Sollt d'Europaparlament komplett op Bréissel plënneren?

RTL - 15.02.2011, 07:50 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.02.2011, 19:53 | 11 Commentaire(n)

Auteur: Marco Goetz
Schluss mam Wanderzirkus, dat konnt een di leschten Deeg nees méi dacks liesen an héieren.

Gemengt ass domadder d’EU-Parlament, dat säi Setz zu Lëtzebuerg, Bréissel a Stroossbuerg huet, an emol de Mount, esou ewéi dës Woch, fir seng grouss Plenarsitzung, fir 4 Deeg am Elsass Quartéier hellt.

Dat stéiert e puer Europadeputéiert.

Doriwwer kéint ee vill Diskussioune féieren.

Ma loosse mer eis an der Haaptsaach op déi konzentréieren, déi di leschte Woch zimlech aus dem Ärem gerëselt nees lassgetrëppelt gouf.

Tëscht Stroossbuerg a Bréissel hin an hir pendele géif ze deier, ze vill C02, ze vill onnëtz am Auto, Zuch oder Flieger verbrauchten Zäit, heescht et do, souguer vu kranken, well duerch d'Reesen iwwerfuerderten, Deputéierten a Beamte geet Rieds.

Dofir d'Opfuerderung: Alles op Bréissel, fir ëmmer!

Ofgesinn dovunner, datt ee mat der bal selwechter Legitimatioun soe kéint : alles op Stroossbuerg oder alles op Lëtzebuerg ass déi Fuerderung aus e puer Iwwerleeungen eraus vläit net ganz falsch. Aus ville Grënn ass se awer komplett dernieft, well d'Gedanken, déi sech gemaach goufen net an d'Déift a net wäit genuch ginn. Zum Beispill:

Ween A zum Plënnere vum Parlament op Bréissel seet, muss och B soen a fuerderen, an dermadder d'accord sinn, datt alleguerten d'EU-Institutiounen zu Bréissel regroupéiert ginn, ënnert anerem d'Geriiecht vun de Mënscherechter zu Stroossbuerg, d'Generalsekretariat vum Europaparlament um Kierchbierg, d’europäesch Zentralbank zu Frankfurt an datt och di eenzel EU-Agencen, di elo an de verschiddensten EU-Länner sinn, déi fir Liewensmëttelsécherheet an Italien, d'Ausbildung a Griichenland oder d'EU-Policeakademie a Groussbritannien, datt déi Agencen och alleguer hiert nei Doheem an der Belsch fannen.

Wier dat gutt geschafft ? Am Interessie vun der EU an de Mënschen?

Wier domadder eppes erreecht? Fir d'Akzeptanz vun der EU bei de Leit?

Géif domadder ënnert dem Stréch manner Co2 verbraucht ginn?

Séitzen Europaparlamentarier domadder wierklech manner an engem Transportmëttel ?

All déi, di fläisseg d’Rechnung maachen, wat et kascht tëscht Stroossbuerg a Bréissel hin an hir ze fueren, maachen d'Rechnung net ganz an aus deem wat se ewechloosse kann een erausliesen, datt se bei hirer Fuerderung näischt wierklech Pro-Europäesches am Schnae hunn.

Et muss natierlech och gekuckt ginn wat et ausléisen a kaschte géif wann alles, a wierklech alles zu Bréissel wär?

D'EU wier an de Memberstaate praktesch net méi präsent. Alleng d'Konsequenze fir den Horesca-Sektor zu Stroossbuerg a ronderëm grad ewéi deen zu Lëtzebuerg, ma och an deenen anere Länner wieren dramatesch.

Ween alles wat an der EU geschitt just nëmmen dru moosst wéi rationell et ass, deen iwwersäit dat Wesentlecht.

Virun allem verkennt en di historesch gewuesse sensibel Gläichgewiichter.

Ajo, an da ginn et och nach EU-Verträg, déi d'Opdeelung propper festhalen. Verträg, di just unanime ze ännere wieren.


 

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!