Lieserbréiwer

Eisen Reliounsunterrecht

RTL - 11.05.2012, 11:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.05.2012, 12:01 | 31 Commentaire(n)

Auteur: Alain Gruber, Student
Vun allen Saiten hir get elo vun enger Substitutioun vum dem Reliounsunterrecht duerch en „Wäerteunterrecht“ an der Primärschoul geschwat awer d'Fro ass, ob et dat ass wat mir brauchen? Wat get d'Roll vun engem Wäerteunterrecht oder nach bëssen méi generell vun eiser Schoul? Get dës Lescht Beoptragten de Kanner Werter, Manéieren an deen sougenannten „Savoir-Vivre“ bäizebréngen, muss d'Schoul erzéien? A wierwat soll weint der Approche den Reliounsunterrecht drun gleewen? De Reliounscours vermëttelt dach elo well Wäerter ofgeleed vun den Erzielungen aus der Bibel! An elo get doriwwer nogeduercht dat ouni d'Geschichten ze machen, mais mussen eben grad dësen Ausschnëtter aus der helleger Schrëft net och een méi heichen Stellenwäert zougedeelt gin wann een bedenkt ob wat eis Vergangenheet, eis Geschicht, eis Kultur an zu gudder Lescht eis Wäerter zréckzeféieren sin? Spéider am Lycée get bëssen méi usproochsvoll Literatur studéiert (zB. Faust vum Goethe), wier et net schued wann déi ob eis follechend Generatioun all déi raffinéiert Uspillungen ofgeleed aus dem Chrëschtentom net méi geing verstoen, wann Nimm wéi Moses, Abraham oder Péitrus e Fragezeichen op de Gesiichter vun der Jugend geingen provozéieren. Wierwat feieren mir Ouschteren, Chrëschtdag an all déi aaner Feierdeeg? Dat heiten ass keen Opruff zum Glawen mais zum Allgemengwëssen! Un all déi intolerant a blann Kierchen-Kritiker, gleewt Dir wirklech op déi denunzéierend Art a Weis wéi Dir mat dem Chrëschtentom ëmsprangt, geingt Dir esou eng omnipräsent Relioun aus der Welt schafen oder gleewt Dir, Dir geingt eisem Schoulsystem, wat jo laut Ministerin vill Wäert ob Allgemengbildung leet, e Gefalen doen de Reliounsunterrecht ofzeschafen?

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!