Lieserbréiwer

Spuerpolitik

RTL - 11.05.2012, 11:57 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.05.2012, 12:04 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Norry Peiffer
Beim Spuerprogramm vun der Regierung sollen 100 Milliounen bei den Sozialen Prestatiounen gespuert ginn.

Dat ass keen Spueren, méi dat ass sozialen Ofbau.

Haaptsächlech am Privatsektor wäerten Rentner, do wo et nach kleng Renten gëtt, Schwieregkeeten kréien fir am Een vum Mond d'Enner béi e neen ze kréien.

No dem dat eis Renten nëmmen méi moderat un Inflatioun ugepasst ginn, ginn se also elo och net mäi un Lounentwécklung ugepasst.
Domatten stagnéieren eis Renten, an dat schonn fir un der Rentereform, an wann et dat e por Joer laang bedreift, ass dat sos näischt aneschters wéi Rentenkierzungen.  

Keent nach dobäi dass Solidaritéitssteier, Gemengen Taxen wei Waasser, Elektresch, Parken an den Loyer bei den Altersheimer a.s.w. an Luucht ginn.

Den Aarmut bei den mannerbemëttelt Rentner wäert an Luucht goen an sozial Büroen an den Gemengen wäerten mäi Zoulaf hunn.
Ausserdeem sinn et Rentner déi am meeschten konsomméieren, so dass wann Rentner manner Soen an der Täsch hunn, den Konsum, an do matten den Bannemaart geschwächt gëtt, den awer och am B.I.P eng grouss Roll spillt.

Et huet sech bewisen dass an deenen Länner wei Griichenland, Spunien an Portugal do wo esou eng Austeritéitspolitik agefouert ginn ass, also wo Lien an Pensiounen gekierzt sinn ginn, näischt zum Wuesstem vun der Economie bei gedroen huet an dat just den Géigendeel agetrueden ass.

Dass den Staat muss spueren ass ze verstoen, wann een bedenkt dass den Zentralstaat all Joer 1 Milliard  Defizit huet. Mäi dann muss een och beim Zentralstaat ufänken mat spueren , an net bei den Bierger, dei elo bei desem Spuerprogramm mat 44% bedeilegt sinn.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!