Lieserbréiwer

Reformen an awer keng Reformen?

RTL - 04.06.2012, 16:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 04.06.2012, 16:10 | 16 Commentaire(n)

Auteur: Luc
Wéi vill Reformen goufen an dëser Legislaturperiod schonn ugefaangen, ouni se fäerdeg ze maachen. Aus enger geplangter Reform gouf eng Reförmchen oder et huet een et gläich si gelooss, fir nëmme keen Wieler ze erschrecken.

Net nëmmen eis Oppositiounsparteien (virun allem di gréisst dovun) kritiséiert d'Regierung säit längerem wéinst hirer Onfähegkeet iergendeppes konkretes op den Wee ze bréngen. Dat ass jo och hir Aarbecht quasi an dofir näischt ongewéinleches.

Mee neierdéngs kréien mir dat och vun der EU-Kommissioun ze héieren. Elo wäerten der vill soen, oh di blöd EU. Mee et muss een dozou soen, dass d'EU aus der Distanz villes anescht an méi objektiv beuerteelen kann, wie mir, di selwer drasetzen an vun Reform näischt wëllen héieren.

Mir sträuben eis virun all Reform, well si kuerzfristeg keng Verbesserung duerstellt, mä eng Verschlechterung. Ass logesch, et ass eis laang gutt gaang an d'Regierung huet virun all Wahlen nei Cadeau'en verdeelt op Käschten vun den nächsten Generatiounen. Mee laangfristeg wäerten mir awer nach vill méi domm drakucke (bzw di no eis kommen), wann net elo eppes geschitt an zwar op villen Niveauen.
Op wéi vill Niveauen gëtt iwwer Reform geschwat? Pensiounsreform, Gesondheetsreform, Reform vum Index, Schoulreform, Antitubakgesetz,... Wéi vill Ministeren hu schonn zeréck geruddert mat hire Reformen, well se fäerten sech d'Fanger (un der Zigarett?) ze verbrennen. A Bayern ass iwwregens d'Antitubakgesetz iwwer en Volksentscheed duerchgesat ginn.

Dat awer nëmmen um Rand, well ech hunn näischt géint Fëmmerten, mä bedaueren et awer dass d'Regierung et net mol fäerdeg bréngt Zigaretten aus dem Indexkuerf erauszehuelen. Obschonn net mol 20% Prozent vun den Leit fëmmen.

Sou eppes kann dach net méi an engem Indexkuerf dran sinn. Et ass lächerlech, dass d'Gewerkschaften net mol dat agesinn.
Anere Punkt: Huelen mir mol dem Juncker seng Ausso des Woch, dass et keng Erhéijung vun der Steier op Benzin an Diesel gëtt. Et steet awer schwaarz op wäiss am Koalitiounsvertrag, dass Lëtzebuerg den Ausstig aus dem Tanktourismus well ugoe.

Mee et huet een et jo net fäerdeg bruecht den Benzin aus dem Index raus ze kréien. Sief mol dohigestallt, op dat sënnvoll ass. Op jiddefalls awer ass dem Här Juncker seng Ausso, dass et egal ass wou d'Leit tanken schlicht falsch.

E puer dausende maachen all Woch massiv Kilometer Ëmwee fir hei tanken ze kommen. Dat mécht schonn en Ënnerscheed, net zulescht och fir den Traffik op eisen Stroossen an Autobunnen. Net ze vergiessen di Alldeeglech Meldung (ech mengen RTL braucht nëmmen en virprogramméierten Knäppchen ze drécken, oder?) dass d'Camionen op der Aire de Berchem an Aire de Capellen rëm bis op d'Autobunn stinn.
Sinn Reformen néideg? An wéi sollen se funktionéieren? Ech sinn op är Äntwerten gespaant.

1. Juni 2012

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!