Lieserbréiwer

Parkingspräisser an der Stad Lëtzebuerg

RTL - 06.06.2012, 16:06 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.06.2012, 16:08 | 82 Commentaire(n)

Auteur: Serge

Mat dësem Lieserbréif wëll ech op déi onerhéiert Präispolitik vun der Stad Lëtzebuerg opmierksam machen, wat d’Parkingspräisser ubelangt. De Parking an den öffentleche Parkheiser war jo schons nie bëlleg, mee zanter dem 1. Juni 2012 sin emol einfach ronn 100 % dropgeschloe gin. Ech hu normalerweis zwëschent 9 an 10 Euro fir een Dag parke bezuelt. E Méindeg hätt ech mussen 18,50 Euro berappen. As dat nach normal? Ech fanne net. Wann een sech d’Präis grille emol ukuckt, da fällt engem op, dass déi Leit, déi fir de Commere an der Stad anscheinend wichteg sin, also all Bomercher a Bopen, déi mueres an d’Stad akafe kommen oder op de MAart kommen, nach ëmmer dee selwechte Präis bezuelen. Et as beim Langzäitparker, wou géif an de Portemonnaie gegraff gëtt. Ech hu mir d’Präisser emol opgeschriwen:

Fir 1 – 3 Stonnen kascht et ëmmer 1,50 Euro/Stonn, ab der 3. Stonn kascht et dann 2 Euro/Stonn. Op en Dag vun 10 Stonnen (8 Arbechtstonnen + 2 Stonne Mëtteg) mecht date en Opschlag vun ronn 100 %. Virun der neier Präispolitik sin d’Präisser nämlech ab 3 Stonnen reof gangen, et konnte en also méi bëlleg parken. Elo as et grad emgedréit an et gëtt richteg deier. Rechent dat emol op de Mount: fréier 10 Euro/Dag x 21 Schaffdeeg = 210 Euro, haut: 18,50 Euro/Dag x 21 Schaffdeeg = 388,50 Euro. Wee kann sech dat nach leeschten?

A ween as schold un deem Schlamassel? De Gardien aus dem Parking soot, Vinci Park ging just déi Präisser uwenden, déi sie vun der Stad Lëtzebuerg an de Propriétaire vum Bau gingen oktoiéiert kréien. Ech wärt also ee Reklamatiounsbréif op d’Stater Gemeng schécken fir mech géint déi affrontéiert Präisser ze beschwéieren. An dann hei den Opruff un all Concernéiert: macht dat w.e.g. och, well nëmmen dann kann sech eppes dorunner änneren.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!