Gesondheetssystem: Mënschlechkeet oder Profit?
RTL - 08.08.2012, 16:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.08.2012, 16:37 | 26 Commentaire(n)

Do gouf dann och direkt en Scanner gemat an dun koum se an d’Kardiologie.
Et muss een wëssen dat eis Mam vun Gebuert un schwéier häerzkrank war an hiert Häerz just nach zu 15 % geschafft huet.
An dun goung et lass:
Wat maacht där an enger Kardiologie wann der den Réck wei hutt an iwwregens äert Häerz ass net méi schlecht wei soss, en Dokter gesinn ... ganz kuerz, eppes géint d’Péng … Fehlanzeig, op en aneren Stack wou een hier hätt kennen hellëfen … Fehlanzeig.
Genervtent Personal wou een gemierkt huet dat se frou wären wann se d’Fra lass wären.
An esou koum et dunn och.
De 1ten Juli ass d’Mam dunn vum Spidol am Süden an en Spidol an der Stad geplënnert ginn, nach ëmmer mat onheemlecher Péng nach ëmmer ouni adequaten Traitement an erem op d’Kardiologie.
Do sinn mer dann gewuer ginn, dat si sech bei hirer Chute en Wierbel gebrach hat an och nach ënner Osteoporose gelidden huet awer en anstännegt Medikament géint d’Péng krut si nach ëmmer net.
Ech muss awer soen dat d’Personal hei alles probeiert huet vir menger Mam et esou angenehm wei nemmen meiglech ze machen.
Vum 7ten op den 8ten Juli ass eis Mam dunn ganz schlecht ginn an en jonken Anästhesist huet gefrot vir mat eis ze schwätzen.
Mat schlemmer Viirahnung sinn ech an d’Spidol gefuer wou meng Fra schon op mech gewart huet.
Den jonken Dokter huet eis dunn erklärt dat Liewer an Nieren net méi géingen funktionéieren well dat schwaacht Häerz net méi genuch Kraaft hätt fir dat ganzt um rullen ze halen.
Et geif nach eng Meiglegkeet gin vir den Blutcircuit erem un dreihen ze kreien mee awer mat quasi Nullgarantie an gefeierlech dobei.
Meng Mam bei kloerem Verstand huet direkt gesot dat si keng liewensverlängernd Moossnamen méi géing wëllen an den Dokter huet dat och esou ugeholl.
D’Kardiologin awer nett.
Iwwerdeems huet sech eng ganz léif Infirmière an eng Psychologin vun der mobiler Equipe vun den Soins palliatifs vun Eech bei eis an eiser Mam gemellt an dunn krut se endlech eppes géint d’Péng (Morphiumpatch).
Well eis Mam näischt méi mat sech maachen loossen wollt huet se natierlech och hei op der Kardiologie en Bett blockéiert sou dat si schonn hallef an der Agonie den 11ten Juli nach op Eech op d’Palliativstatioun transferéiert gouf wou si dann den 12ten Juli Mëttes am Krees vun der Famill am Alter vun 78 Joer gestuerwen ass.
Elo blokeiert se keen Bett mei an enger Kardiologie.
Wat eis am meeschten plot ass d’Fro op se eventuell nach kéint liewen wann op hier Péng agaang wär, well déi war bestëmmt och net gutt fir dat krankt Häerz.
Ech hunn elo 50 Joer an et gëtt mer Angscht eng kéier 70 Joer an méi ze ginn well ech d’Gefill net lass ginn dat dann net méi vill mat mär ze verdéngen ass an ech dann näischt méi wäert sinn.
Hunn des lescht mat engem angehenden Chirurg diskutéiert an et gëtt mer schlecht wann ech héieren dat esou en jonken Mënsch op der UNI schonn drop gedrillt gëtt vir d’Iwwerleeung unzestellen engem iwwer 70jähregen z.B. en neien Knéi ze refuséieren ausser en bezilt en selwer.
Här Gesondheetsminister, d’Gesondheetswiesen ass en riesen Chantier ... Mënschlechkeet virun Profit an net emgedréiht ... paakt et w.e.gl. un.
En groussen Merci un d’Personal am CHL an zu Eech souwéi menger Fra déi eis Mam déi lescht 5 Deeg keen Moment méi alleng gelooss huet.



Äre Commentaire