Lieserbréiwer

Verkéierssituatioun zu Mamer

RTL - 10.09.2012, 16:33 | Fir d'lescht aktualiséiert: 10.09.2012, 16:39 | 26 Commentaire(n)

Auteur: Sandra Daleiden
Déi Problemer déi leschten Dënschden bäi der Ouverture vun der neier Europaschoul zu Mamer am Verkéier entstanen sinn, sinn an der Press allgemeng erofgespillt ginn. Et wor guer net esou dass den Berufstraffic wéi normal gerullt ass. Déijéineg déi no 8 Auer vu Mamer iwwert d'Areler Strooss a Richtung Stad wollten fueren, sinn matzen an e schrecklechen Stau geroden. De Comble wor dunn wou ech dunn an den Medien gelies an gehéiert hunn dass d'Unterführung ënnert dem Kreesverkéier den Owend virdrun opgaang wor. Mee et stoung awer néierendwou e Schëld!!!

 Dee Stau vu Mamer erfort wor sou schlëmm, et ass allerhéchstens zwee Meter an der Minutt virugaang. Wou ech dunn ëmmer méi no bäi den ominéise Rond-point bäi dem Lycée Barthel / Europaschoul komm sinn, deen jo komplett iwwerlaascht wor, wor déi riets Spur fir duerch den Tunnel fräi, mee kee Mënsch ass dohinner gefuer an et ass jo och nëmmen normal wa kee Mënsch eppes weess a kee Schëld do steet. Firwat gëtt kee Mënsch gewuer wann eng nei Strooss opgeet? Et kann dach net sinn dass näischt beschëldert ass. Amstand et wier een dohinner gefuer an dann am Chantier gelannt.

Dat sinn Zoustänn wéi se engem entwéckelte Land net wierdeg sinn. Déi lescht zwee Deeg goung et nees, mee et bleift ofzewaarden wéi d'Verkéierssituatioun sech do entweckelt well nach si vill Leit am Congé.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!