Kate Hudson heemlech bestuet? Mamm verréit Geheimnis
RTL - 19.03.2012, 12:03 | Fir d'lescht aktualiséiert: 19.03.2012, 12:15
D'Actrice Kate Hudson soll hire Frënd, de Matt Bellamy, heemlech bestuet hunn, dat huet elo d'Mamm vum Kate, d'Goldie Hawn verroden.

Bis elo ass et der Koppel gelongen hiert ganz perséinlecht Gléck an aller Rou ze genéissen, mä well d'Mamm vum Kate Hudson sech an engem Interview verplappert huet, kéint dat awer gläich eriwwer sinn.
"Wéi meng Duechter en englesche Rockstar bestuet huet, hunn ech mer Suerge gemaach. Alles wat zielt ass, ass datt déi zwee sech gutt verstinn. Wat Mënsche maachen, seet näischt doriwwer aus, wee si sinn.", sou d'Goldie Hawn.
Och wann et vun offizieller Säit nach keng Confirmatioun gëtt, sou schéngt d'Gespréich awer eendäiteg. D'Kate Hudson an de Matt Bellamy hunn am Juli 2011 hiren éischte gemeinsame Jong kritt, deemno wär eng Hochzäit jo och guer net esou aussergewéinlech...

