Sheryl Crow: Gehirtumor bei Sängerin entdeckt!
RTL - 06.06.2012, 08:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 06.06.2012, 10:57
D'Sheryl Crow leid zënter enger Zäit un engem guttaartege Gehirtumor, dat sot d'Sängerin an engem Interview dem "Las Vegas Review-Journal".

No der Diagnos hätt d'Sheryl Crow awer bal guer net iwwer hir Krankheet geschwat. A well den Tumor guttaarteg war, giff si sech och keng Suerge maachen.
Viru 6 Joer war d'Amerikanerin schonn eng Kéier u Broschtkriibs erkrankt, dee si awer iwwerstanen huet.
