Miley Cyrus: Disney-Star verlobt sech mam Liam Hemsworth

RTL - 06.06.2012, 16:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.06.2012, 14:44

D'Schauspillerin, Sängerin an Hanna Montana Figur huet sech mat sengem Frënd Liam Hemsworth verlobt, mellt de Magazin People.

Déi 19 Joer jonk Hollywood Schauspillerin seet sech immens frou dëse Schrëtt gemeet ze hunn, an hofft op eng schéin Zukunft mat sengem Frënd Liam.

Op Twitter schreift d'Miley: "Thank you for all the love today :) I'm happy to share this news with you all. I feel like all my dreams are coming true. ❤ have a great da"

Hien huet him Iwwregens den 31. Mee seng Demande gemeet, an huet him e 3,5 Karat Diamant vum Bijoutier Neil Lane offréiert.



Béid Schauspiller haten sech 2009 um Set vum Film "The Last Song" kennegeléiert.