RTL - 03.07.2009, 09:27 | Fir d'lescht aktualiséiert: 03.07.2009, 09:30
Mat dëser Valise läit ee ganz sécher am Trend vun der Zäit. „Henk" heescht dat gutt Stéck, benannt no hirem Erfinder Henk van den Meene, e Geschäftsmann, dee mat den traditionelle Valisen onzefridde wor. Bei dëser extrem robuster a liichter Valise goufen dann och Techniken aus der Formel 1 an der Fligerei agesat. Materialië wéi Carbon, Titan, Magnesium an Aluminium ginn deem ganzen e futuristeschen Touch. All Stéck gëtt fir säi Besëtzer sur mesure produzéiert an et kann ee souguer säi Monogramm agravéiere loossen. Dofir muss een allerdéngs no bei 20.000 Euro op den Dësch leeën.