Den Entrepreneur huet ee schlechten Image - zu Onrecht!

RTL - 26.05.2010, 18:20 | Fir d'lescht aktualiséiert: 26.05.2010, 17:19 | 3 Commentaire(n)

Auteur: Françoise Schlink
D'Françoise Schlink, Conseillère vun der clc, iwwert déi verpassten europäesch Woch vun de klengen a mëttleren Entreprisen.

Europa feiert d'Woch vun de klengen a mëttleren Entreprisen. Ganz Europa? Neen, e klengt Ländchen am Häerz vun Europa danzt aus der Rei - oder op d'mannst aus dem Takt - an huet net esou richteg eppes opweises an dëser Woch vun den Entreprisen.

Grad Lëtzebuerg ass awer, dem Eurobarometer no, an allen Hisiichten ënnerdurchschnëttlech, wann et ëm d'Entrepreneuriat geet, also déi Dynamik, déi nei Geschäftsfelder opmécht a fir e Méiwäert an enger Gesellschaft suergt. Kuerz gesot, schéngt den Entrepreneur zu Lëtzebuerg lues awer sécher zu enger "bedrohter Spezies" ze gehéieren. Den Nowuess lieft amplaz den Dram vun der "Selbstautonomie" den neolëtzebuergeschen Dram vun der Verbeamtung, vun dem klenge surreale Kosmos, wou den automatiséierte Salaire an den Himmel wiisst an een d'Suerge vun engem staatleche Milliardendefizit als Problem vun deenen dobaussen ugesäit.

Et wonnert een do net, dass zu Lëtzebuerg den Image vum Entrepreneur, dem Eurobarometer no, och éischter en negativen ass. Vum Patron gëtt oft d'Karikatur entworf, et wier een, deen owes kuerz an de Betrib gespronge kënnt, fir de Sak mat de Suen heemzeschleefen a gläichzäiteg de Salarié mat Almosen ofzespeisen.

Et wier also grad zu Lëtzebuerg wichteg, dës Woch vun deene klengen a mëttleren Entreprisen ze notzen, fir unzefänken, dat Bild richtegzestellen an eng Kéier op déi imminent wichteg Fonctioun vun deene mëttelstännegen Entreprisen an eiser Gesellschaft hinzeweisen. "Trau dech" ass sécherlech eng positiv Initiativ, mee eng, déi net bis un d'Wuerzele vun dësem Image-Malaise erukënnt.

Fakt ass, dass net nëmmen 80 % vun der europäescher Wirtschaftsleeschtung vu mëttelstännege Betriber erbruecht gëtt, mee de Mëttelstand schaaft och quasi 70 % vun den Aarbechtsplazen am Privatsecteur. Déi vill kleng Entreprisë sinn d'Réckgrat vun eisem Land, si dynamiséieren eis Wirtschaft a sinn den Nährbuedem fir nei Geschäftsiddien. Grad a wirtschaftlech méi schwieregen Zäiten entfale si hir stabiliséierend Wierkung duerch hir lokal Verwuerzelung, hiert soziaalt Engagement an d'Oprechterhale vun den Aarbechtsplazen.

Et ass schued, dass alt erëm eng Geleeënheet verpasst ginn ass, de Berufsstand vum Entrepreneur ze wierdegen; dem Entrepreneur, dee mat vill Engagement an op eegene Risiko Méiwäert an enger Gesellschaft schaaft. Dobäi misst all Mënsch eppes kloer sinn: Fir eng nohalteg Zukunftsgestaltung ka Lëtzebuerg net op den Initiativgeescht an d'Kreativitéit vun eisen Entrepreneure verzichten!

Äre Commentaire


D'Commentairer gi gelueden, ee Moment w.e.g.!