Den traditionelle "Cortège de la Saint-Valentin" vun der Fédération Horticole Luxembourgeoise an dem Jonggäertnerverband war dëst Joer den 10. Februar. Et war ewell déi 43. Oplo vun deem Ëmzuch am Virfeld vu Vältesdag de 14. Februar. De Motto war déi Kéier: "Et ass ëmmer Vältesdag: Manner Wierder - Méi Blummen".
Blummen a Kusse goufen et de Freidegmoien ënnert anerem och bei RTL um Kierchbierg, vu wou dës Fotoe sinn. Weider Statioune vum Cortège am rouden Doppeldecker-Bus waren: d'Chambre d'Agriculture, de Conseil de Gouvernement (am Ministère des Finances), d' Chambre des Métiers an d'Fédération des Artisans an de Stater Gemengerot.
D'Bouqueten, déi d'Kreativitéit vun de Floristen ënnerstrach hunn, goufe vum Valentinchen a vum Valentin 2012 verdeelt. Valentin war dëst Joer den Tom Dondelinger an d'Isabelle Majeres war d'Valentinchen.
Den Ëmzuch gouf geleet vum Tom Penning, Porte-Parole vum Cortège, a vum Kim Brockmeyer, neie President vun de Jonggäertner - mat Interventioune vum Niki Kirsch, Éierepresident vun der Fédération Horticole Luxembourgeoise.
Fotoen: Kevin Graffé