Hondsstaffel: Internationalen Exercice zu Lëtzebuerg

Exercice vum Groupe Canin vun der Lëtzebuerger Protection civile an Zesummenaarbecht mam THW vu Saarbrécken an de Pompjeeë "cynotechniques" vu Creuzwald (F) a vu Lohnstein (D) vum 17. bis den 20. Mee zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun. D'Zil vun deem Treffen ass et, sech ënnereneen iwwert verschidden Aarbechtsmethoden auszetauschen.

Op Christi Himmelfahrt gouf zu Altwis um groussen "terrain de décombres" geübt. Et stoungen awer och nach Eenheeten an Däitschland an a Frankräich um Programm vun där Formatioun mat quasi engem operationelle Stage. A wéi wichteg Training ass, beweist dëse Saz: En Hond ass ëmmer nëmmen esou gutt wéi säin Hondsmeeschter. Déi zwee bilden een Team an dofir muss d'Kommunikatioun Mënsch-Déier ëmmer nees trainéiert ginn - dräi Mol pro Woch schaffen déi benevol Membere vum Groupe canin mat hiren Hënn.

Bei enger Sich no Vermësste mécht de Mënsch sech de Spilltrieb vum Mupp zu notzen. Doduerch gëtt dee motivéiert, no enger Persoun ze sichen. No 20 bis 30 Minutte muss den Hond awer ëmmer eng Paus aleeën, fir op seng Nues Rücksicht ze huelen a fir datt en d'Loscht un der Sich net verléiert. Dat wier nämlech ganz schlecht, well bei enger "Trümmersuche" kann et ëm Liewen an Doud goen ...

Fotoen: groupecanin.lu

LINK: Den Internetoptrëtt vum Groupe Canin.

Déi neiste Galerien

Op Christi Himmelfahrt: Grouss Fatima-Prëssessioun zu Wolz

Dëse Pelerinage gëllt dacks als gréissten Evenement vun der portugisescher Communautéit hei am Land. Et ass esouguer déi gréisst Prëssessioun am Land, virun der Sprangprëssessioun. D'Prëssessioun an d'Feierlechkeeten um Hiwwel bei Wolz sinn awer just een Deel, dono gëtt et traditionell


Inauguratioun vum FNEL-Home

Um Weekend vum 4. a 5. Mee huet d'FNEL op hire neien Home um Fetschenhaff invitéiert. Och de Scoutechef, de Grand-Duc Jean an déi ierfgroussherzoglech Koppel ware bei der feierlecher Inauguratioun derbäi.