Bëllia Kavalkad

Halleffaaschten zu Lëtzebuerg, dat heescht dräi Kavalkaden uechtert d'Land: zu Péiteng, Réimech a Waasserbëlleg. Um déifste Punkt aus dem Land ass et um Sonndegnomëtteg ëm 14.33 Auer lass gaangen. Den Ëmzuch vun de Bëllia Bratzelgecken ass vun der Esplanade duerch d'Haaptstrooss bis bei de Centre culturel gezunn, wou no der Kavalkad weidergefeiert ginn ass. Vill Leit waren d'Gecken an dee wonnerschéine Won vum Bratzelkinnek François I. op Bëlleg kucke komm a mat Ausnahm vun e puer ganz kleenen Drëppsen huet d'Wieder et och gout mat hinne gemeent.

Fotoen: Christian Goergen

Déi neiste Galerien

Lëtzebuerger Owend vum Fräizäitclub "Ze eF eLL"

Den Samschdeg 4.2.2012 huet den Fräizäitclub "Ze eF eLL" en Lëtzebuerger Owend organiséiert. Et goufen Lëtzebuerger Spezialitéiten fir z'iessen an déi lëtzebuergesch Folklore-Komedie-Grupp "Dëppegéisser" hu fir gutt Stëmmung gesuergt. Dobäi hunn Dëppegéisser och hir nei CD ...


Christmas-Parade 2011

Vill Leit hunn den Wee an d´Stad fonnt, fir déi 8.Oplo vun der Christmasparade ze bewonneren an ze bestaunen!