News Fotoen

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »
Accident zu Stengefort (01/02/2012)

Méi schro war en Accident e Mëttwoch de Mëtte kuerz no 14 Auer an der Areler Strooss. Eng Persoun gouf uerg verwonnt. Fotoen vum Paul Fischer.


Déidlechen Accident um Waldhaff 15.1.12

Déidlechen Accident kuerz viru 17.00 Auer e Sonndeg den Owend op der Iechternacher Streck. Virum Waldhaff ass do e Won frontal an e Bam gerannt. Fotoen: Paul Fischer


Accident op N15 bei Bitscht: 5 Blesséierter, 4 dovu schwéier

Accident un Donneschdeg, 12. Januar 2012 géint 16.30 Auer op der N15 bei Bitscht: 5 Persoune goufe blesséiert, wéi sech en Auto an eng Camionnette ze pake kruten. Eng Persoun gouf ganz schro verwonnt, 3 uerg an ee Kand méi liicht. Fotoen: Paul Fischer


Stuerm Andrea: E puer Biller vun de Schied uechtert d'Land

Duerch de Stuerm Andrea sinn en Donneschdeg, 5. Januar 2012 ënnert anerem Deeler vun enger Haus-Fassad erofgefall. Et gouf awer kee blesséiert. Op ville Plaze stounge Wisen a Stroossen ënner Waasser, op anere goufe Beem oder soss Géigestänn ëmgeblosen.


Lenzweiler-Antoniushaff: Liewensgeféierlech Blesséierten

Ee liewensgeféierlech blesséierte Chauffer an eng liicht verwonnte Bäifuererin, esou de Bilan vun engem Accident op riichter Streck tëscht Lenzweiler an dem Antoniushaff um Sonndeg, 1. Januar 2012 géint 4 Auer moies. Fotoen: Paul Fischer


1. Januar: Déidleche Verkéiersaccident tëscht Steeën an Dikrech

Dat Neit Joer war eréischt e puer Stonnen al, wéi et op där Streck zu engem tragesche Verkéiersaccident komm ass. Géint 6.45 Auer ass een accidentéierten Auto nieft der N18 opgefall. Wéi Hëllef op d'Plaz koum, gouf d'Läich vum Chauffer fonnt. Beim Auto handelt et sech ëm ee groe Peugeot 205. D'Identitéit vum Ongléckleche war um Sonndegmoien (ca. 10h30) nach net eendäiteg gekläert. D'Police sicht Zeie vum Accident. Fotoen: Paul Fischer (6) a Police (1)


«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »