News Fotoen

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »
Gréiwemaacher: Déi nei Muselbréck waart am Mäerter Hafen

Zanter Péngschtdënschdeg ass d'Bréck zu Maacher iwwert d'Musel zou - déi al Konstruktioun gëtt duerch eng nei ersat. D'Baudeeler waarden ewell am Mäerter Hafen op hiren Asaz. Op der däitscher Säit ass et no der Spär um Mëttwoch de Moien zu engem gréissere Stau komm - vu Réimech bis op Relingen vis-à-vis vun Ohn. Fotoe vum Steve Müller, déi éischt ass vum Patrick Neises a weist den Trafic op der däitscher Säit. COMMUNIQUÉ: Démolition et reconstruction du pont frontalier portant la N10A sur la Moselle entre Grevenmacher et Wellen À partir du mardi 21 mai 2013, le pont frontalier portant la N10A sur la Moselle entre Grevenmacher et Wellen sera fermé à la circulation. Cette fermeture sera nécessaire pour effectuer la démolition du pont existant et pour permettre ensuite la reconstruction du nouveau pont frontalier. La réouverture du nouveau pont frontalier à la circulation est prévue pour mi-octobre 2013. À cette fin, il sera également nécessaire de fermer la route du Vin (N 10) sous le pont pour une durée de trois semaines à partir du 27 mai 2013 et une durée d’une semaine à partir du 11 août 2013 dans les deux directions. Une déviation sera mise en place. Sur la rive allemande, la liaison routière entre Temmels et Nittel (B419 Wellen) restera garantie en permanence.


Iwwerschwemmungen uechter d'Land (20/05/2013)

Am Laf vum Méindeg koumen eng sëlleche Meldunge vun Iwwerschwemmungen, sou z.B. vun Esch/Sauer, vun Dikrech-Angelduerf, vu Bäerdref/Bollendorf, vu Bartreng a Stroossen, vu Schëtter, Senngen, Ueweraanwen an Uewersyren, Fotoe vum Domingos Oliveira, Jennifer Thielen, CI Berdorf, Christophe Mannes, CINS, Camping op der Sauer (Ellen Meijer a Sebastiaan Veldkamp) ...


Eis Natur Uganks Mee 2013

Op de Fotoe vum Alice Steyer-Fonck gesäit ee Bléien (Kiischtebléi, Äppelbléi), Bëschblummen, Gaardeblummen (Tulpen, verschidden Zorte Feierblummen, Anemonen asw.), Wiseblummen (Pissblumm, Guckucksblummen), Sträich (ënner anerem Neelchesblummen) esou wéi verschidde Villercher. Fotoen: Alice Steyer - Fonck


Grouss Pompjeesübung um Wandhaff (5.5.13)

E Sonndeg, 5.5.2013 hate béid Pompjeescorpse vun de Gemenge Feelen a Buurschent zesummen eng grouss Übung. Et goung dorëms 2 vermësste Persounen ze retten an e Feier ze läschen. Fotoen: Ketty a Rom Hankes.


Schlussprëssessioun Oktav 2013

Et waren déi beschte Konditioune fir d'Schlussprëssessioun vun der Oktav. D'Sonn huet geschéngt an dat huet natierlech vill Leit an d'Stad gelackelt. De LuKo huet Fotoen gemaach.


"Groussasaz zu Manternach": Exercice vun de Rettungsdéngschter

Groussasaz vu de Rettungsdéngschter zu Manternach: An enger Firma, déi mat Holz schafft, ass et zu enger Explosioun komm. Well et zu deem Zäitpunkt eng Visite gouf, un där op d'mannst 20 Leit deelgeholl hunn, huet musse bei der Asazzentral vun der Protection Civile de Plan Nombreuses Victimes ausgeléist ginn. Iwwer 200 Rettungskräfte si bannent kuerzer Zäit op d'Plaz komm an hunn en dramateschen Zeenario virfonnt ... Glécklecherweis war alles eng Übung un där d'Corpse vu Manternach, Gréiwemaacher, Iechternach, Konsdref, Bur-Méischdref, Biwer an Hierber genee wéi d'Asazzentere vu Jonglënster a Mäertert matgewierkt hunn an dobäi bewisen hunn, dass een Dag an Nuecht op si ziele kann. Fotoen: LUXFOTO asbl.

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »