News Fotoen

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »
Accident op Kräizung vum Schumannseck

Op der Kräizung vum Schumannseck krute sech um fréien Donneschdemëtten en Auto an e Moto ze paken. De Motocyclist gouf mat méi uerge Wonne an d'Spidol geflunn. Fotoen: Domingos Oliveira


A1: Fatale Camionsaccident op der Sir-Bréck zu Mäertert

Spektakulären Accident um Méindeg am spéiden Nomëtteg op der Tréirer Autobunn a Richtung Däitschland: E Camion, dee stole Grey-Träger gelueden hat, ass géint 17.30 Auer hannert der Sortie Mäertert an d'kalifornesch Mauer gerannt. D'Kabinn vum Camion ass doropshi 20 Meter déif d'Bréck erof an d'Dall vun der Sir gefall. Den 53 Joer ale Chauffer war dout op der Plaz. Wéi et heescht, hätt et virum Accident eng Zort Explosioun am Camion ginn, d'Gefier hätt d'Strooss net gehalen a wier an d'Gelänner vun der Bréck gerannt. D'Police sicht um 113 elo no Zeien, déi d'Accident suivéiert hunn. Nom Accident gouf d'A1 a Richtung Däitschland gespaart, op der Sortie "Mäerter Hafen" hunn all d'Gefierer mussen erof. En zolitten, kilometerlaange Réckstau war d'Folleg an d'A1 wäert och nach bis an déi fréi Muerestonne vum Dënschdeg zou bleiwen. Fotoen: Police (4), Patrick Dosseray (1), Cita (1), Jérôme Biondi (21) an RTL.


Boston: 24 Stonne Mënschejuegd no enger Woch Terror

No enger riseger Sichaktioun huet déi amerikanesch Police deen zweete Verdächtegen am Kader vum Attentat um Boston-Marathon festgeholl. Säin eelere Brudder Tamerlan ass no enger éischter Schéisserei mat der Police nach e Freideg de Mëtteg am Spidol u senge Blessure gestuerwen. Fotoen: AFP


Presentatioun vun der Luxembourg Air Rescue

En Donneschdemoien huet de President vun der Lëtzebuerger Air Rescue op eng Presentatioun invitéiert, dat am Kontext vum 25. Gebuertsdag vun der LAR. Fotoe: Steve Müller


Explosioun an enger Dünger-Fabrik am Texas

Um spéide Mëttwochowend ass an der Uertschaft West (150 Kilometer vun Dallas) eng Fabrik explodéiert. Iwwer 30 Pompjeescorpsen aus der ganzer Ëmgéigend waren op der Plaz.


Ierfgroussherzoglech Koppel op Visite am EU-Parlament (17.4.13)

Den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Ierfgroussherzogin Stéphanie waren um Mëttwoch, 17. Abrëll am Europaparlament op Besuch. Se goufe vum President Martin Schulz empfaangen an hu sech op der Plaz ee Bild driwwer gemaach, wéi d'Parlament funktionéiert. Um Programm stoung och ee Mëttegiesse mat de 6 Lëtzebuerger Europadeputéierten.


Ierfgroussherzoglech Koppel op Visite zu Stroossbuerg

Den Ierfgroussherzog Guillaume an d'Ierfgroussherzogin Stéphanie waren e Mëttwoch am Europaparlament op Besuch. Do goufe si vum President Martin Schulz empfaang an hu sech op der Plaz ee Bild driwwer gemaach, wéi d'Parlament funktionéiert. Um Programm stoung och ee Mëttegiessen mat den 6 Lëtzebuerger Europadeputéiert.


Demilitarised Zone a Südkorea

Obwuel sech d'Situatioun an den Medien zouzespëtzen schéngt, war op der DMZ (Demilitarised Zone) näischt vun Tensiounen oder Onrouen ze spieren. Dës Zone um 38. Breitegrad ass 250 km laang a ronn 4km breed. Ronderëm si ronn 1 Millioun Zaldoten stationéiert an domat ass et déi gréisst militariséiert Plaz vun der Welt. Der UN an och der Amerikanescher Arméi op der Plaz no, sinn den Ament 3 Mol méi Presseleit op der Plaz, wéi am Duerchschnëtt. Den Intérêt vun der auslännescher Press a Communautéit schéngt den Moment nach ëmmer vill méi grouss, wéi deen vun der Populatioun an Südkorea. Zu Seoul an och op der Grenz ass awer keng Tensioun ze spieren. Fotoen vum Sarah Cattani


«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »