8 Stonne Retard hat se, déi Damplokomotiv, déi zanter dem 1. Abrëll 2009 elo eng nei Heemescht zu Lëtzebuerg fonnt huet. Et handelt sech dobei ëm eng KDL7 vum belsche Produzent Energie-Marcinelle, déi an der Slowakei restauréiert gouf. Kaaft ginn ass déi imposant schwaarz Maschinn, därer och op der Diddelenger Schmelz am Asaz waren, vun Escher Privatleit, stationnéiert wäert si awer beim Train 1900 am Fond-de-Gras ginn. Mat geliwwert gouf och e Waggon fir d'Kuelen- an d'Waasserreserven. Bei den 150-Joer-Feieren vun den CFL den 9. an 10. Mai wäerte si da fir d'éischt op Lëtzebuerger Schinnen ënnerwee sinn. (Fotoen: Jeff Spielmann)














