René Scho
Um Donneschden ass bekannt ginn, datt den Ierfgroussherzog Guillaume sech mam Stéphanie de Lannoy verlobt. Haut, um Freideg, ass et schonn déi offiziell Verlobung. Ëm 11.30 Auer war eng Receptioun am Palais, dat ass dann den éischten offizielle Kontakt vun der zukünfteger groussherzoglecher Koppel mat ë.a. Regierung, Chamber, Staatsrot, Nuntius, den Ambassadeuren aus Däitschland an der Belsch. Fotoen: René Scho
De Freidegowend stoung dat wonnerschéint Schlass zu Buerglënster ganz am Zeeche vun der gudder Saach: Et war nees Zäit fir den Télévie-Dinner, bei deem ee sech vun den RTL-Presentateuren zerwéiere loossen an dat genéisse konnt, wat sechs Spëtzekäch op d'Tellere gezaubert hunn. An ee Plat war besser wéi deen aneren. Fir Iech d'Zong laang ze maachen: Peter Körner: Amuses à base de foie gras. Ernesto Prosperi: Entrée froide à base d'un Trio de poissons. Joël Schaeffer: Entrée chaude, Bonbonnière de suprême de volaille sur oignons rouge Daniel Rameau: Entremets autour de la Quetsche d'Ellange Carlo Sauber: Suite, Pièce de boeuf rôti, gelée de tomates et garnie de légumes primeurs René Matthieu: Assortiments de dessert aux fruits de saison et glace au chocolat Wéi d'Ambiance am Bierger Schlass war, wéi gutt d'Käch eens gi sinn, wéi et de Leit geschmaacht huet a wéi sech d'RTL-Leit op deem fir si dach ongewinnten Terrain beweegt hunn - alles dat gitt Dir gewuer an deem grousse Foto-Reportage vum René Scho! Well de Scho war do! Vill Spaass beim Kucken a Klicken ... a bon appétit!
D'Wieder war gutt an d'Laun war et och! Virum traditionelle Regierungsrot um Freidegmoien, 16. Mäerz stoung fir d'Regierungsmemberen eng Foto-Sessioun um Programm ... ee richtege klengen Event, bis dat perfekt Bild an der Këscht war. Eisen "Eventfotograf" René Scho war och bei der Gruppefoto virum Finanzministère op der Place Clairefontaine derbäi an et huet him richteg Spaass gemaach, all Detail am Bild festzehalen. Gutt Laun stécht eben un ... Fotoreportage: René Scho
Um Freideg, 2. Mäerz war et esou wäit: Ganz am Süde vum Land gouf eng Honnertjähreg geéiert a gefeiert: De Kino Kursaal krut seng 100 Joer! Lass goung et mat 3 Riede vun den Häre Massard (Caramba), Back (CNA) an Haine (Buergermeeschter vu Rëmeleng), du gouf déi deels mouvementéiert Geschicht vum Kino Revue passéiere gelooss, éier dunn d'Rëmelenger Chorale Heemecht 3 Lidder gesongen huet ... an du gouf natierlech weidergefeiert, nom Motto: vill Leit, vill Luef, vill Léift fir dee klengen, ganz renovéierten an elo top moderne Kino. Matgefeiert a matfotograféiert huet eisen Event-Fotograf vu Rëmeleng, de René Scho! Kultur-News iwwert den Anniversaire.
Wéi all Joer haten och dëst Joer nees Pompjeeë vu Rëmeleng eng schéi Buerg opgeriicht. Dëst Joer war et awer net déi lescht Koppel, déi bestuet ginn ass, déi d'Buerg a Brand gestach huet, ma de Buergermeeschter mat der éischter Schäffin. Géint 19.30 Auer hu si dat gemaach a wéi d'Buerg esou richteg gutt gebrannt huet, ass wéi all Joer ee flott Freedefeier an d'Luucht geschoss ginn: ee wonnerbaren Ubléck mat Feier um Himmel a Feier op der Äerd ... Ma d'Pompjeeën an d'Police haten alles am A. Genee wéi eisen Event-Fotograf René Scho vu Rëmeleng!
Wat genee ass aktiivt "Méi al ginn"? Doriwwer huet de Professer Dieter Ferring vun der Uni Lëtzebuerg (Professeur en Psychologie, Université du Luxembourg; Faculté des Lettres, des Sciences Humaines, des Arts et des Sciences de l'Education) e Mëttwochmëtteg am Club Haus beim Kiosk zu Schëffleng ee Virtrag gehal. Fotoen: René Scho
Um Samschdegowend waren et der 600 Leit, déi an de Park Hotel op Dummeldeng komm sinn, fir d'DSDS-Promi Motsi Mabuse danzen ze gesinn. Den Danzsportclub Rout-Wäiss-Blo huet och eng formidabel Show geliwwert. D'Motsi Mabuse ass zesumme mam Evgenij Vosniuk op getrueden, wat och den Highlight vum Owend ausmécht. Si huet sech 6 mol anescht ugedoen , während dem ganze Spektakel! De Public war op alle Fall begeeschtert. D'Fotoe vun deem flotten Owend si vum René Scho!
Hüttenzauber zu Rëmeleng war e super Concert mam Thema Bierger. De 1eschten Deel mat Stécker wéi Mt Everest, Mont Blanc, Mountain Song ... an duerno war Après-Ski ugesot mam Rol Girres mat den Ouerewierm wéi "Reiß die Hütte ab", dem DJ Ötzi säi "Meddley" oder dem Andrea Berg "Du hast mich 1000x belogen". Rëmeleng war lass, d'Leit stoungen op den Dëscher an 3 Zugaben war e "must" dat alles bei engem gudden Iessen. De Rol Girres an déi komplett Animatioun hu mat hiren Optrëtt a Musek déi Rëmelenger vun de Plaze gerappt. Fotoen vum René Scho


