Guillaume & Stéphanie: Offiziell Verlobung um Freiden 27.04.2012
Um Donneschden ass bekannt ginn, datt den Ierfgroussherzog Guillaume sech mam Stéphanie de Lannoy verlobt. Haut, um Freideg, ass et schonn déi offiziell Verlobung. Ëm 11.30 Auer war eng Receptioun am Palais, dat ass dann den éischten offizielle Kontakt vun der zukünfteger groussherzoglecher Koppel mat ë.a. Regierung, Chamber, Staatsrot, Nuntius, den Ambassadeuren aus Däitschland an der Belsch.
Fotoen: René Scho

















