Circus Roncalli: Fotoandréck vum 24. Juni 2012

D'Wieder dobausse war gro, ma dat, wat d'Leit um Dag no Nationalfeierdag nomëttes am Festzelt vum Circus Roncalli um Glacis gebuede kruten, dat war ëm esou méi faarweg. Virun allem huet natierlech de Clown, deen als dee beschte vun der Welt gëllt, Grouss a Kleng faszinéiert. Nieft villen aneren artistesche Showen, versteet sech. Eise Fotograf war op alle Fall begeeschtert, op senge Fotoe gesäit een et: Hien hëlt Iech mat op enger Rees duerch d'Welt vun der zirzensescher Konscht ... Laissez-vous enchanter!

Fotoen: René Scho

Déi neiste Galerien

50. Anniversiare vun der A.S.P.V. (18.5.13)

D'Amicale des Sapeurs-Pompiers Vétérans haten en Donneschdeg op eng Seance Academique am Trifolion zu Iechternach geruff, fir hire 50. Anniversaire ze feieren, dat a Präsenz vum Grand-Duc Jean. D'Erëffnung war vum Jean Stracks, President vun der Amicale. D'Geschicht vun der A.S.P.V. ass vum


Minister-Vereedegung a Ministerrot (30. Abrëll 2013)

D'Martine Hansen an de Marc Spautz sinn elo offiziell Minister. Déi zwee CSV-Politiker hunn um Dënschdeg de Moien hiren Eed am Palais virum Grand-Duc ofgeluecht. Ëm 11 Auer koum dunn de Ministerrot fir eng éischte Kéier a senger neier Zesummesetzung beieneen. Um 9 Auer war och schonn ee ...


Den Adamo zu Mondorf (16. Abrëll 2013)

En Dënschdeg, 16. Abrëll, hat den Adamo de Wee op Mondorf fonnt. Iwwer 2.000 Leit waren am "Chapito" vum Casino 2000. Bei enger super Ambiance huet den Adamo seng schéinsten Oldy-Lidder zum beschte ginn an huet de ganze Sall zum Matsange bruecht. Och nom Concert haten d'Organisateuren vum