Prënz Félix & Claire Lademacher @ Schlass Bierg
Gréissere Society-Moment um Donneschdeg de Mëtteg, 27. Dezember 2012 op Schlass Bierg: D'groussherzoglech Famill hat op Colmar Bierg invitéiert, wou de Prënz Felix, den zweeteelste Fils vum Grand-Duc Henri an der Grande-Duchesse Maria Teresa, a seng zukünfteg Fra Claire Lademacher offiziell hir Verlobung gefeiert hunn. D'Press aus dem In- an Ausland wor präsent, wéi sech déi jonk Koppel zesumme mat hiren Elteren a Gesëschter de Fotografe presentéiert huet. Fir RTL.lu war de René Scho um Event.


















