Télévie-Dinner: Gudden Appetit fir de gudden Zweck (16.04.2010)

Um Freideg, 16. Abrëll war et erëm esou wäit: An der Millen zu Altwies sidd Dir vun den RTL-Mataarbechter zerwéiert ginn. Komponéiert gouf den Télévie-Menu-2010 vun de Spëtzekäch René Mathieu, Ernesto Prosperi, Sylvie Bisdorff, Carlo Sauber a Joël Schäfer. Fir Iech de Mond e bëssi wässreg ze maachen, et gouf ënnert anerem "Lasagne de saumon aux algues, mayonnaise de soja citron vert" (als Amuse-Bouche), dono La Battuta al coltello con tartufo, Filet de bar fumé chaud en nage et boudin de St. Jacques grillé a Carré de veau cuit à basse température et bâtonnets de pieds de porc an zum Schluss Cancoillotte du pays aux griottes et flocons de céréales ... fir just dës puer Menupunkten ze nennen. Dat Ganzt natierlech mat Léift a gudder Laun zerwéiert vun der RTL-Equipe ...

An d'Kachdëppen erageluusst an op den Teller gekuckt huet fir eis eisen Event-Fotograf René Scho vu Rëmeleng! Seng Foto-Chronik vum Owend mécht Loscht ... an Appetit!

Déi neiste Galerien

Schnéi-Bal "Motsi Mabuse an Evgenij Vosniuk" Danzsportclub RWB

Um Samschdegowend waren et der 600 Leit, déi an de Park Hotel op Dummeldeng komm sinn, fir d'DSDS-Promi Motsi Mabuse danzen ze gesinn. Den Danzsportclub Rout-Wäiss-Blo huet och eng formidabel Show geliwwert. D'Motsi Mabuse ass zesumme mam Evgenij Vosniuk op getrueden, wat och den Highlight ...


Hüttenzauber mat der HMR an dem Rol Girres zu Rëmeleng 07.01.201

Hüttenzauber zu Rëmeleng war e super Concert mam Thema Bierger. De 1eschten Deel mat Stécker wéi Mt Everest, Mont Blanc, Mountain Song ... an duerno war Après-Ski ugesot mam Rol Girres mat den Ouerewierm wéi "Reiß die Hütte ab", dem DJ Ötzi säi "Meddley" oder dem Andrea Berg "Du hast ...


Chrëschtconcert vun den "Amis du Chant" am Conservatoire

No enger klenger Paus, hunn d'Amis du Chant, dëst Kéier mat engem franséische Programm, fir e volle Sall am Conservatoire gesuergt. Während gutt 2 Stonne goufen d'Leit mat flotte Chrëschtlidder aus dem aktuell Programm "A la venue de Noël ënnerhalen. Den Ensemble gouf ënnerstëtzt ...


"Crëschtmaart" zu Diddeleng 11.12.2011

Mat sengem "mëttelalterleche" Crëschtmaart zitt d'Gemeng Diddeleng wéi all Joer ëm dës Zäit ganz vill Leit un, dorënner och eng sëlleche Visiteuren aus dem noe Grenzgebitt. Fotoe vum René scho!