Maybach-Event beim Léa Linster zu Fréiseng 05.05.2011
Eng aussergewéinlech nobel Kulisse um Donneschdeg, 5. Mee zu Fréiseng:
Déi ganz Maybach-Gamm bis bei de prestigiéise Landaulet an esouguer
engem Maybach-Coupé hat sech do Rendezvous ginn an zwar net iergendwou,
mä beim Léa Linster. Organiséiert gouf dëse "Launch Event" vum neie
Limousinne-Service "Privat Car Benelux". Eisen Event-Fotograf René Scho
huet en am Bild festgehalen. Hei seng Doku!












