100 Joer "Cinéma KURSAAL" zu Rëmeleng

Um Freideg, 2. Mäerz war et esou wäit: Ganz am Süde vum Land gouf eng Honnertjähreg geéiert a gefeiert: De Kino Kursaal krut seng 100 Joer! Lass goung et mat 3 Riede vun den Häre Massard (Caramba), Back (CNA) an Haine (Buergermeeschter vu Rëmeleng), du gouf déi deels mouvementéiert Geschicht vum Kino Revue passéiere gelooss, éier dunn d'Rëmelenger Chorale Heemecht 3 Lidder gesongen huet ... an du gouf natierlech weidergefeiert, nom Motto: vill Leit, vill Luef, vill Léift fir dee klengen, ganz renovéierten an elo top moderne Kino.

Matgefeiert a matfotograféiert huet eisen Event-Fotograf vu Rëmeleng, de René Scho!

Kultur-News iwwert den Anniversaire.

Déi neiste Galerien

50. Anniversiare vun der A.S.P.V. (18.5.13)

D'Amicale des Sapeurs-Pompiers Vétérans haten en Donneschdeg op eng Seance Academique am Trifolion zu Iechternach geruff, fir hire 50. Anniversaire ze feieren, dat a Präsenz vum Grand-Duc Jean. D'Erëffnung war vum Jean Stracks, President vun der Amicale. D'Geschicht vun der A.S.P.V. ass vum


Minister-Vereedegung a Ministerrot (30. Abrëll 2013)

D'Martine Hansen an de Marc Spautz sinn elo offiziell Minister. Déi zwee CSV-Politiker hunn um Dënschdeg de Moien hiren Eed am Palais virum Grand-Duc ofgeluecht. Ëm 11 Auer koum dunn de Ministerrot fir eng éischte Kéier a senger neier Zesummesetzung beieneen. Um 9 Auer war och schonn ee ...