100 Joer "Cinéma KURSAAL" zu Rëmeleng
Um Freideg, 2. Mäerz war et esou wäit: Ganz am Süde vum Land gouf eng Honnertjähreg geéiert a gefeiert: De Kino Kursaal krut seng 100 Joer! Lass goung et mat 3 Riede vun den Häre Massard (Caramba), Back (CNA) an Haine (Buergermeeschter vu Rëmeleng), du gouf déi deels mouvementéiert Geschicht vum Kino Revue passéiere gelooss, éier dunn d'Rëmelenger Chorale Heemecht 3 Lidder gesongen huet ... an du gouf natierlech weidergefeiert, nom Motto: vill Leit, vill Luef, vill Léift fir dee klengen, ganz renovéierten an elo top moderne Kino.
Matgefeiert a matfotograféiert huet eisen Event-Fotograf vu Rëmeleng, de René Scho!
Kultur-News iwwert den Anniversaire.

















