Charel Müller - 23. Mee 2012

RTL - 23.05.2012, 18:31 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.05.2012, 16:15

Dëse Samschdeg feiert den Escher Theater säi ronne 50. Gebuertsdag.

Den Theater, dee bis haut eng wichteg kulturell Institutioun iwwert d’Grenze vun der Minettsmetropol eraus ass, war domat virum Groussen Theater an der Stad a Betrib.

4 Direkteren hu sech an deem hallwe Jorhonnert ëm de Fonctionnement an d’Programmatioun vum Escher Theater gekëmmert an deen aktuellen Direkter Charles Muller ass e Freideg Invité an der Mëttesstonn um Radio, wou mir mat him iwwert d’Vergaangenheet, d’Gebuertsdagsfeier an natierlech och d’Erausfuerderungen vum Escher Theater an Zukunft schwätzen.