Xavier Bettel
Wéi beléift den DP-Politiker ass, huet säi Score bei de Chamberwahle gewisen. Belount gouf dee massive Wielersupport mam Poste vum Fraktiounspresident.
Thierry Bichel
D'Analyse vum Finanzexpert ginn appreciéiert, well hie kee Blad virun de Mond hëlt a sech ëmmer verständlech ausdréckt a sympathesch eriwwer kënnt.
Vanessa Calcagno
Wanns de eppes kanns: Eng Lëtzebuerger Opern-Stëmm an der däitscher Emissioun "Das Supertalent". Bis an d'Finale vun de leschten 12 ass d'Rees mol gaang.
Mady Delvaux-Stehres
D'Schoulreform soll neien Drive an d'Edukatioun bréngen an d'LSAP huet sech jo ewell selwer eng exzellent Zensur ausgestallt: Joerhonnert-Reform!
Mars Di Bartolomeo
De Gesondheetsminister hëlt säin Job seriö an huet dem Fëmmen de Krich erkläert. Nieft de Restauranten soll d'Flutschen elo och a Caféë verbuede ginn.
Anny Eck-Hieff
Si stoung wéi keng Zweet fir den Déiereschutz zu Lëtzebuerg. Am Dezember huet déi engagéiert Grënnerin vun der Alpa eis fir ëmmer verlooss.
Luc Frieden
Den neie Finanzminister huet a Rekordzäit Duebelbesteierungsofkommen ënnerschriwwen, fir datt Lëtzebuerg vun der Lëscht vun de Steieroase verschwënnt.
Jean-Marc Gales
Matten an der Kris huet de Lëtzebuerger säi Patron gewiesselt: En ass vu Mercedes bei Peugeot-Citroën gaangen an huet do d'Generaldirektioun iwwerholl.
Alain Hamer
"Ee vun de beschten Arbitteren an Europa", mat där Recommendatioun vun den Internauten ass deen international renomméierte "Schiri" Kandidat ginn.
Grand-Duc Henri
Seng Standhaftegkeet an der Euthanasie-Debatt huet dem Staatschef zwar vill Kritik, dofir awer och vill Respekt a Bewonnerung als Mënsch abruecht.
Françoise Hetto-Gaasch
Politesche Shootingstar: Well d'CSV am Osten iwwerraschend 4 Sëtz kritt, gëtt si mat 2 Ministerposte belount, 1 dovu fir d'Jonglënster Buergermeeschtesch.
Änder Hoffmann
Den Hoffmann als Hoffnung vun deene Lénken oder vun "Déi Lénk", déi no de Chamberwahlen elo nees mat engem Süd-Sëtz um Krautmaart vertruede sinn.
Christiane Juncker
Hannert all staarkem Mann steet nach méi eng staark Fra, soe se. Och ouni Äntwert op d'Fro, wat de Premier ouni si wier, ass d'Madame Juncker nominéiert.
Jean-Claude Juncker
Eise Premier, dee weider Eierungen a ganz Europa entgéint hëlt, Mister Euro bleift, awer net 1. EU-President gouf - de Sarkozy hat do eppes dergéint ...
Jacques Lanners
De Chef vu Ceratizit gouf "Entrepreneur vum Joer", hie meeschtert déi schwiereg konjonkturell Situatioun an iwwerhëlt Verantwortung am soziale Beräich.
Viviane Reding
Fir vill eis aktiivsten EU-Politikerin. Si huet d'Handykäschte gedréckt a wichteg Ressorten an der neier Barroso-Kommissioun geierft.
Pol Sax
Fir säi minimalistesche Roman U5 huet de Lëtzebuerger Schrëftsteller, deen zu Berlin lieft, déi héchst Lëtz. Literaturauszeechnung, de Prix Servais, kritt.
Andy Schleck
Hien huet zu de Favorite vum Tour de France gezielt an huet net enttäuscht: No enger phänomenaler Boucle ass den Andy Schleck um Enn 2., nach virum Lance!
Fränk Schleck
Zesumme mat sengem Brudder Andy stoung hien am Focus vum Tour de France. De Fränk huet kontrolléiert, animéiert, gehollef an d'Kinneksetapp gewonn!
Jean-Claude Schlim
Fir säin Aids-Drama "House of Boys" krut de Realisateur mat Duerchsetzungsverméigen de Lëtzebuerger Filmpräis fir dee beschte Film aus dem Joer 2009.
Nicolas Schmit
Geschätzt wéinst senger Kompetenz huet den LSAP-Ost-Politiker kriddleg Dossieren: d'Immigratioun an zënter de leschte Wahlen och den Aarbechtsministère.
Dan Spogen
Den Dan ass ee coole Speaker an ee ganz sympathesche Mënsch, "oder nik"? Dat huet dem RTL-Animateur eng Nominatioun fir de Lëtzebuerger vum Joer abruecht.
Raphaël Stacchiotti
Den Ausnahme-Schwëmmer war mat 6X Gold den "Überflieger" vun de Spiller vun de klenge Länner op Zypern a gouf Junior-Europameeschter iwwer 200m 4 Nages.
Claude Turmes
Als grénge Politiker huet hie sech eng europawäit Renommee gemaach, gëlt als ee vun en engagéiertsten EU-Parlementarier a krut de Solarpräis 2009.
Thierry van Werveke
Säi fréien Doud am Januar huet d'ganzt Land an en Dall vun Tréine gehäit. Et war en emouvante Farewell vun de Fans fir den onvergiesslechen Johnny Chicago.