«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »
Grouss Angscht virun enger Dréchent an England

RTL - 22.02.2012, 18:16

A Groussbritannien maache se sech elo scho Suergen iwwert hiert Drénkwaasser fir de Summer. Iwwerdeems et am Wanter a Schottland esou vill gereent huet, ewéi seele virdrunner an engem Wanter huet England nëmme ganz wéineg Reen oder Schnéi kritt. Um Flughafen Heathrow zu London si vum 1. ...


Ski und Rodel gut! Awer héich Lawinnegefor!

RTL - 16.02.2012, 13:02

An den Alpen läit richteg vill a gudde Schnéi. Eenzeg an de Südalpen ass d'Schnéicouche net all ze héich, et geet awer do iwwerall duer fir eng Descente an den Dall ze maachen. An den Nordalpe läit deels esou vill Schnéi ewéi zënter de fréien 1980er Joeren net méi, esou dass hei och all ...


"Lëtzebuerg déif gekillt" Deel 3

RTL - 13.02.2012, 16:13

An hei nach e puer lescht Impressioune vum Wanter am Februar 2012, dee jo haut mat Plusgraden bal am ganze Land, op en Enn gaangen ass.


"Lëtzebuerg déif gekillt"

RTL - 11.02.2012, 18:29

Hei gesitt dir d'Fotoen, déi mir no zwou Wochen Dauerfrascht, via meteo@rtl.lu erageschéckt kritt hunn.


Klenge Resumé vun der Keelt

RTL - 06.02.2012, 18:23

  Zënter enger Woch läit Lëtzebuerg am Aflossberäich vu siberescher Kalloft. D'Loftmassen hunn eis gutt agefruer, esou dass de Schnéi, dee leschte Méindeg gefall ass, bis haut leie bleiwe konnt, wat och d'Satellittebild vun der NASA vun de Moien schéi weist. Zu Lëtzebuerg gouf et duerch ...


Virleefegen Héichpunkt vun der Keelt

RTL - 03.02.2012, 07:48

An dëser Nuecht hu mer de virleefegen Héichpunkt vun den niddregen Temperaturen erreecht. Flächendeckend loungen d'Minimalwäerter de Moien ënner -10°C. Am Kaalste war et an den Éisleker Däller, wou d'RTL-Wiederstatioun zu Béiwen de Moien -17°C gemooss huet. Foto: www. geoportail. lu ...


Wiederresumé Januar 2012

RTL - 01.02.2012, 06:00

Och wann de Januar wanterlech opgehalen huet, esou war et alles anescht ewéi e Wantermount. E war ze waarm, ze naass an net sonneg genuch.


Schnéigänsen iwwer Holztem

RTL - 31.01.2012, 11:33

De Moien um 11h00 sinn nach emol Schnéigänsen iwwert Holztem geflunn. Eng aner Foto, déi de Mich iwwert eis Smartphone-App erageschéckt huet, weist, dass een haut nach soll uecht ginn op eise Stroossen:


Wanter a ganz Europa

RTL - 30.01.2012, 13:47

Wéinst dem Wanterwieder, wat an de leschten Deeg, no an no ëmmer méi Deeler vun Europa an d'Zaang geholl huet, fannt dir elo hei e klenge Resumé.


Schnéi an der Sahara

RTL - 20.01.2012, 14:09

Et ass rar, kann awer virkommen, dass et an der Sahara schneit. E „Kaltluftropfen“ huet de Leit an der Regioun Béchar an Algerien duerfir gesuergt, dass hei e puer Zentimeter Schnéi falen. D'Evenement war awer op der algerescher Tëlee an de Wiederprevisiounen ugekënnegt ginn, esou dass et ...


Virun 30 Joer: E wanterleche Januar

RTL - 17.01.2012, 18:50

De Januar 1982 war e richtege Wantermount. Mat Schnéi a Keelt an enger ausgeprägtener Inversioun, déi dozou gefouert huet, dass et vum 17. Januar op de Koppen am Éislek waarm Temperaturen gouf iwwerdeems et an den Däller och dagsiwwer fraschteg bliwwen ass. Nom Passage vun engem ...


Halbzeit-Bilan vum Wanter 2011-12

RTL - 16.01.2012, 17:57

De meteorologesche Wanter, deen den 1. Dezember ugefaangen huet, war bis ewell alles Aneschters ewéi wanterlech. De ganzen Dezember war vun enger mëller Westwandzirkulatioun geprägt. Et war iwwerduerchschnëttlech naass a vill ze waarm. Och de Januar huet däitlech ze mëll ugefaangen. Mam Dag ...


Enorm Schnéimassen an den Alpen

RTL - 12.01.2012, 17:59

Nom Passage vum Stuermdéif “Andrea” leschten Donneschdeg sinn an den Alpen enorm Quantitéite Neischnéi gefall. Dowéinst ware jo eng sëlleche Skiregiounen Deeg laang vun der Baussewelt isoléiert. Entre temps sinn d’Stroossen nees fräi an de Wantersportler bidden sech herrlech ...


Analyse vum Stuermdéif „Andrea“

RTL - 06.01.2012, 12:04

Gëschter ass d'Andrea iwwer Westeuropa gezunn an huet nawell op ville Plaze fir Chaos gesuergt. Hei eng meteorologesch Approche vum Stuerm iwwer Lëtzebuerg

«<  1 / 2 / 3 / 4 / 5 / 6 / 7 / 8 / 9 / 10 > »