Grouss Angscht virun enger Dréchent an England

RTL - 22.02.2012, 18:16 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.02.2012, 18:20

Auteur: Yann Logelin
A Groussbritannien maache se sech elo scho Suergen iwwert hiert Drénkwaasser fir de Summer. Iwwerdeems et am Wanter a Schottland esou vill gereent huet, ewéi seele virdrunner an engem Wanter huet England nëmme ganz wéineg Reen oder Schnéi kritt.

Um Flughafen Heathrow zu London si vum 1. Dezember un nëmme 76 Liter Ree gefall, normal wieren 100 Liter méi. Et ass deen zweeten däitlech ze dréchene Wanter an England a sollten d’Fréijoer an de Summer ähnlech dréchen ausfalen ewéi am Joer 2011, kéint et enk gi mat der Drénkwaasserversuergung a groussen Deeler vun England.

Elo scho warnt déi englesch Ëmweltadministratioun virun enger méiglecher Dréchent.

De Grondwaasserspigel läit plazeweis esou déif ewéi zënter dem Fréijoer 1976 net méi an och d’Pegele vu de Flëss loungen, de ganze Wanter duerch, däitlech ënnert deem wat normal wier. Wéi dëst Bild aus dem November weist.

D’Fréijoer 1976 an de Jorhonnertsummer, deen do hannendru komm war, haten de briteschen Drénkwaassersystem u de Bord vum Kollaps bruecht.

An den nächsten Deeg läit England, nom Passage vun engem Frontesystem, ënnert dem Afloss vun Héichdrock, esou dass de meteorologesche Wanter sécher ze dréchen op en Enn geet. Deemno start England elo scho mat engem Wassermanque an d’Vegetatiounsperiod 2012.