Bilan vun Abrëll: E war genee esou "waarm" ewéi de Mäerz

RTL - 01.05.2012, 13:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 01.05.2012, 13:03

Auteur: Yann Logelin

Den Abrëll 2012 wollt näischt wësse vun de waarme Fréijorskleeder, déi dëse Mount an de leschte Joeren ëmmer nees ugedoen hat. Esou waren d'Abrëllsméint 2007, 2009 an 2011 all Kéiers scho bal Summerméint. Den Abrëll 2012 war definitiv e Fréijorsmount an en plus och nach e killen.

Mat senger Duerchschnëttsttemperatur vun 7,5°C op den 10 RTL-Wiederstatioune war den Abrëll genee esou waarm ewéi de Mäerz. Par Rapport zur Moyenne vun de Joeren 1981 bis 2010 war den Abrëll awer 1,1 Grad ze kal.

Op all Statioun gouf et am leschte Mount op mannst zwee Mol Frascht (Waasserbëlleg), mä zu Béiwen loungen d'Minimaltemperaturen esouguer 9 Mol ënnert dem Gefréierpunkt an dräi Mol dovunner esouguer ënner -5°C. Den absolute Minimum zu Béiwen ass an der Nuecht op de 17. gemooss ginn an dat mat -6,7°C. Eis Statiounen u Bartreng a Beetebuerg-Obëler hunn nieft dem Loftfrascht och op 13 Deeg Buedemfrascht gemooss mat hei engem Minimum vun -8,7°C den 17.4. zu Obëler.

D'Maximaltemperaturen am Abrëll loungen iwwert 1 Grad ënnert deene vum Mäerz. Zu Eschduerf hu mer 18 Deeg mat manner ewéi 10 Grad als Maximaltemperatur gehat an deen eenzege Summerdag war den 28.4., wou ausser op de Statiounen Eschduerf, Elwen a Béiwen, d'Barrière vun den 25,0°C geknackt ginn ass mat engem Maximum vu 27,3°C zu Waasserbëlleg.

Am Contraire zum Mäerz 2012 oder dem Abrëll 2011, war de leschte Mount och däitlech ze naass. An der Landesmoyenne sinn 145% vun normale Ree gefall. Et ware 84,4 Liter amplaz vun 58 Liter, déi der Moyenne vun 1981-2010 no, hätte fale sollen. Alleng an der leschter Dekad vum Mount, also tëscht den 21. an dem 30. Abrëll sinn an der Moyenne uechtert d'Land 56,6 Liter gefall, also dat wat soss an engem ganze Mount fale sollt. Den 25.4. war deen Dag mam meeschte Reen. Do sinn a 24 Stonnen alleng 27,1 Liter zu Stengefort gefall.

Den Abrëll 2011 hat eis awer och nach emol fir e puer Stonnen e klenge Flom Schnéi bruecht. Dat war allerdéngs just op den allerhéchste Koppe vum Éislek de Fall, wou et op Ouschtersamschdeg (7.4.) kuerz wäiss gouf.

Et war och alles Aneschters ewéi e sonnege Mount. Am Total komme mer queesch duerch d'Land just op 74% vun de Sonnestonnen, déi eis normalerweis am véierte Mount vum Joer erwaarden. Mat 126,4 Stonne Sonn waren et der just 4,9 méi ewéi am Mäerz, obschonns d'Deeg am Abrëll däitlech méi laang sinn. Bartreng ass déi Statioun, déi mat 147,7h nach am meeschte Sonn krut. Zu Eesbéch huet se mol keng 100 Stonne laang geschéngt, mä just 96.

Alles an allem war den Abrëll och lëfteg. 13 vun den 30 Deeg hunn zu Obëler maximal Wandvitesse vun iwwer 50km/h bruecht. Déi séierste Wandvitesse ass hei iwwregens um Owend vum 30.4. gemooss, wou an engem Donnerwieder, wat vu Frankräich eriwwer an de Grand-Duché gezunn ass, eng Wandspëtzt vun 82km/h gemooss ginn ass.

Den héchste Barometerstand ass den 16.4. zu Eschduerf mat 1023,6 hPa gemooss ginn an deen niddregste schonn 3 Deeg méi spéit mat 989,9 hPa zu Obëler.