Wandrieder veränneren de Klima
RTL - 06.05.2012, 10:37
E grousse Wandpark huet en direkten Afloss op de Klima an der Géigend wou e steet, seet eng amerikanesch Klimaetude.

Bis ewell ass just driwwer spekuléiert ginn ob Wandrieder en Afloss op de Klima hunn oder net. Eng amerikanesch Etude, realiséiert vun enger Ekipp vu Chercheure vun der State University of New York, kënnt elo zur Konklusioun, dass Wandrieder de Klima verännere kënnen.
Déi ganz Etude ass an der Zäitschrëft „Nature Climate Change“ vum 29. Abrëll nozeliesen a seet aus, dass d'Temperatur op deene Surfacen, op deenen e Wandpark steet, an de leschten 10 Joer ëm 0,72°C méi séier geklommen ass ewéi op Surfacen wou et wäit a breed kee Wandrad gëtt.
Bei hirer Etude hunn d'Wëssenschaftler e Gebitt am Weste vun Texas ënnersicht, well do an de leschte Joeren eng ganz Partie grouss Wandparken entstane sinn. Mat der Hëllef vu Satellitten hu si d'Temperatur vun deene Surfacen an den 3 Joer ier d'Wandrieder opgestallt goufen analyséiert an dës Donnéeë mat den Daten aus de Joeren 2009 bis 2011 verglach, wou d'Wandparken a Betrib waren. Donieft gouf dat selwecht mat Surface gemaach, wou virdrun an elo keng Wandrieder stinn.
Duerch statistesch Methoden sinn Facteuren ewéi d'Temperaturschwankungen tëscht de Joeren an den analyséierte Plazen erausgerechent ginn an d'Resultat ass eendeiteg. D'Temperaturen an de Wandparken, an an der direkter Ëmgéigend, loungen ëmmer iwwert deenen vu Gebitter ouni Wandrieder. Déi héchsten Temperaturënnerscheeder gouf et dobäi nuets.
Dësen Effekt ass novollzéibar an duerchaus plausibel. En ass och esou an der Meteorologie bekannt. An enger stärekloerer Nuecht ouni Wand falen d'Temperaturen méi ewéi an enger stärekloerer Nuecht mat Wand, well deen Ament d'Loftmasse besser duerchgemëscht ginn an doduerch d'Loftmassen net esou gutt ofkille kënnen. D'Wandrieder mëschen d'Loftmassen, och bei wéineg Wand, ëmmer nach duerch, esou dass et an de Wandparken einfach net esou kal gëtt nuets ewéi a Gebitter wou wäit a breet kee Wandrad steet.
