8.5.1957: Deemools war et richteg kal
RTL - 08.05.2012, 09:35 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.05.2012, 09:37

Mä och scho véier Joer éischter, den 8.3.1953, gouf et eng kal Nuecht. Zu Iechternach sinn deemools d'Temperaturen op -0,5°C, zu Ettelbréck op -0,2°C an zu Gréiwemaacher op genee 0°C gefall. 3 Deeg méi spéit huet de Mee 1953 awer nach méi déif Temperature ronn bruecht an dat mat -3,5°C zu Klierf an zu Iechternach, mat -3°C zu Ettelbréck a -2,8°C zu Kënzeg.
1962 hat de Mee richteg kal ugefaangen. An der Nuecht op den 1. Mee waren et -4,1°C zu Klierf, -3,4°C zu Ettelbréck a -3,0°C zu Gréiwemaacher.
Aussergewéinlech kal war de Start an de Mee 1979. Op der Wiederstatioun vun der Akerbauverwaltung zu Klierf huet et tëscht dem 1. an dem 10. Mee net manner ewéi 8 mol gefruer. De Minimum loung bei -2,1°C an der Nuecht vum 6. op de 7. Mee 1979. Mä och zu Gréiwemaacher ass an där Nuecht den Thermometer op -1,8°C gefall. Hei gouf et an den 10 éischten Deeg vum Mee 6 mol Frascht.
Rezent ass de Frascht am Mee manner heefeg opgetrueden, wat awer net heescht, dass et kee méi gëtt. De 4.5.2011 ass op der RTL-Wiederstatioun zu Béiwen e Minimum vun -3,5°C gemooss ginn.
