De Bilan vum Juni: Ze kal, ze naass, ze däischter
RTL - 30.06.2012, 16:59 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.06.2012, 17:05
De Bilan vum Juni entsprécht wierklech net deem, wat ee sech vum éischte meteorologesche Summermount erwaarde géif.

Et huet definitiv ze vill gereent an dësem Juni. Eis Wiederstatiounen zu Elwen an zu Eesbéch hunn op 22 vun den 30 Deeg Nidderschlag gemooss. De Juni hat zu Ettelbréck och 6 Deeg mat méi ewéi 10 Liter Reen op de Meter Carré.
Alles an allem sinn op eisen 10 Wiederstatiounen uechtert d'Land 108,4 Liter Ree gefall, duerch eng Partie lokal begrenzten Donnerwiederen hu mir awer je no Statioun ganz ënnerschiddlech Reequantitéiten.
Zu Eschduerf sinn esou nëmmen 75 Liter Ree gefall, zwee manner ewéi an der Moyenne vun de Joeren 1981-2010. Duerfir huet d'Statioun Ettelbréck awer 133 Liter Reen ofkritt, wat der duebeler Quantitéit vu Reen entsprécht, déi normalerweis an engem Juni fale sollt.
Am meeschte Reen ass den 19. Juni gefall, wou zu Waasserbëlleg bannent 24 Stonnen net manner ewéi 28,6 Liter op de Meter Carré gefall sinn. Et gouf just zwee Deeg hannerteneen op deene keng vun den RTL-Wiederstatioune Reen gemooss huet an dat waren den 25. an de 26. Juni.
Sonn
All eis Wiederstatiounen am Land kommen op en Total vun 63% vun de normale Sonnestonnen am Juni, gekuckt op d'Moyenne vun de Joeren 1981-2010. Et sinn amplaz vun den normalen 208 Stonne Sonn grad emol 131 Stonne zesummekomm. Op 3 Deeg huet d'Sonn sech net eng eenzeg Minutt gewisen. Dat war bal bei all de Wiederstatiounen vun eisem Reseau de Fall, ausser zu Elwen a Waasserbëlleg, wou d'Sonn nëmmen op zwee Deeg net erauskoum an op de Statiounen Bartreng an Obëler, wou just een Dag ouni Sonn opgezeechent gouf.
Par Rapport zum Mount Mee 2012 huet d'Sonn 90 Stonne manner laang geschéngt. Op eiser Statioun zu Eesbéch waren et esouguer 2 Stonne manner Sonn ewéi am Abrëll. Hei huet se sech nëmme 94 Stonne laang gewisen. Am meeschte Sonn krut Bartreng an dësem Juni mat 166 Stonnen, wat der awer nach ëmmer knapp 40 manner sinn ewéi am Juni 2011.
Temperaturen
D'Duerchschnëttstemperatur vum Juni 2012 loung bei 15°C fir eis 10 RTL-Wiederstatiounen, dat ass ronn 1 Grad manner ewéi normal. D'Minimaltemperatur loung mat 10,9°C trotzdem 0,6 Grad iwwert der Moyenne vun 1981-2010. D'Maximaltemperatur loung awer mat 20,0°C am Duerchschnëtt 1,6 Grad ënnert der Moyenne a war och 0,5 Grad méi niddreg ewéi déi vum Mount Mee.
De kaalsten Dag war den 13. Juni wou d'Temperaturen op eisen zwou Statiounen op den Éisleker Koppen mat 10,9°C zu Eschduerf an 11,1°C zu Elwen nëmme knapp iwwert d'Barrière vun den 10 Grad geklomme sinn.
Eis wäermst Statioun, déi vu Waasserbëlleg, huet bis den 27. Juni net een eenzege Summerdag gemooss. D'Temperatur ass also bis dohin net eng Kéier op 25,0°C oder méi geklommen. Um Schluss vum Mount waren et dunn awer op mannst 3, wat der trotzdem däitlech manner sinn ewéi normal a wéi an de lescht Joeren.
De wäermsten Dag war den 28. Juni mat engem Maximum vun 30,4°C zu Waasserbëlleg an 30,1°C zu Bartreng. Op dësen zwou Statiounen hat de Mount Juni also esou een Hëtztdag ze bidden.
WeltwäitJust e puer Evenementer erausgepickt. Mëtt vum Mount ass den Taifun „Guchol“ am Pazifik fir d'éischt iwwert d'Philippine gezunn an duerno iwwer Japan. Et huet nieft kräftegen Iwwerschwemmungen och Stuerm an héich Welle provozéiert. Et war ee vun de stäerksten Taifuner, déi bis ewell dokumentéiert goufen.
Am Atlantik huet d'Hurrikan-Saison richteg fréi ugefaangen. Den Tropestuerm „Chris“, deen awer just iwwert den oppenen Atlantik gezunn ass, hat den 21. Juni Hurrikanstäerkt erreecht. Esou fréi hat sech zënter 1995 keen atlanteschen Tropestuerm méi zu Hurrikan gesteigert.
Och den Tropestuerm „Debbie“ war fir e Juni richteg staark. Mat Wandvitesse bis 100 km/h a Schloreen huet hien vill Géigenden a Florida komplett ënner Waasser gesat. Zu Gainesville sinn zum Beispill den 24. Juni net manner ewéi 143 Liter Reen bannent 12 Stonne gefall.
Ganz aneschters war d'Situatioun an de leschten Deeg vum Juni am Südoste vun den USA wou staarke Wand, extrem héich Temperaturen an eng laang Dréchent, déi schrooste Bëschbränn zënter Joeren ausgeléist hunn.
Eng kuerz Canicule hate mer och am Süde vun Europa, wou den 26. Juni, zum Beispill, an der spuenescher Stad Cordoba 44°C am Schied gemooss goufen. Bis den 30. Juni hat d'Hëtzt och grouss Deeler vun Italien, Ungarn, Kroatien a Serbien erfaasst.
