Viviane Reding: Vill Kritik un der EU zu Davos

RTL - 27.01.2012, 18:02 | Fir d'lescht aktualiséiert: 27.01.2012, 18:06

D'Europäesch Unioun gouf deels schaarf kritiséiert, seet d'Vizepresidentin vun der EU-Kommissioun, d'Viviane Reding, déi zu Davos mat derbäi ass.

Zu Davos sëtzen 2.600 Vertrieder aus Wirtschaft a Politik um Weltwirtschaftsforum zesummen. Sujet Nummer 1 ass dëst Joer d'Kris an Europa - d'Stëmmung war deels gereizt. D'Europäesch Unioun gouf deels schaarf kritiséiert, seet d'Vizepresidentin vun der Europäescher Kommissioun, d'Viviane Reding, déi zu Davos mat derbei ass. Kritik koum zum Beispill vun den USA. D'Euro-Kris stoung awer am Mëttelpunkt. An den neien Europäesche Rettungs-Schierm. D'Chefin vum Internationale Währungsfonds huet gefrot, dat deen ëm d'Duebelt opgestockt gëtt.

Zu Davos huet sech awer de Wirtschafts -Commissaire Olli Rehn dofir ausgeschwat, den Rettungsschierm méi grouss ze maachen. Fir d'Viviane Reding hate virun allem Gespréicher mat Vertrieder vun net-europäesche Regierungen an Entreprisen Prioritéit.