Fitch: US-Ratingsagence setzt Rating vu 5 Euro-Länner erof
RTL - 27.01.2012, 19:25 | Fir d'lescht aktualiséiert: 28.01.2012, 09:53 | 20 Commentaire(n)
Fitch: E Freideg klasséiert eng aner grouss US-Ratingagence d'Kreditwierdegkeet vu 5 Euro-Länner méi schlecht an, dorënner Italien, d'Belsch a Spuenien.

Italien a Spuenien goufen ëm zwou Noten erofgesat, grad esou Slowenien. Spuenien gouf vun AA+ op A an Italien vun A+ op A- gesat.
Bei der Belsch a bei Zypern ass d'Kreditwürdegkeet ëm eng Note erofgesat ginn. Déi belsch Regierung gesäit dat als Confirmatioun fir hir Spuerpolitik. Dat giff beweisen, datt méi Reformen néideg sinn, net nëmmen an Europa, mä och an der Belsch, sot de belsche Vize-Premier Van Quickenborne. D'Belsch läit bei Fitch elo bei AA.
D'Finanzmarchéen huet ganz geloossen op déi Nouvelle reagéiert. Et war domadder gerechent ginn. Fitch bewäert déi meescht Länner och besser wéi Standard & Poor's.
D'Bewäertung vun Irland bougéiert net. Fir all dës Länner gëtt den Ausbléck negativ bewäert.
Äre Commentaire