Virun EU-Sommet: Entrevue Merkel-Juncker zu Stralsund

RTL - 22.02.2012, 12:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.02.2012, 12:30

Déi däitsch Kanzlerin Angela Merkel huet virum EU-Sommet Enn nächster Woch dëse Freideg eng Entrevue mam Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker.

Si gesi sech zu Stralsund. D'Gespréicher sinn als Virbereedung op de Sommet geduecht. D'Staats- an d'Regierungscheffen diskutéieren dann nees iwwert d'Scholdekris an déi eventuell Opstockung vum Krisefong ESM. Eppes wat den FMI fuerdert an Däitschland bis ewell refuséiert. Virun der politescher Entrevue hu béid Politiker, wéi et op den Agencen heescht, am Nomëtteg eng gemeinsam Visite vun der Stad geplangt.