Europaparlament: Déi 26 nei Kommissäre goufe confirméiert
RTL - 09.02.2010, 07:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 11.02.2010, 15:46
D’Europarlament huet déi 26 nei EU Kommissäre confirméiert. 488 Deputéiert hu vir déi nei Kommissioun gestëmmt, 137 dergéint an 72 hu sech enthalen.

Déi nei Equipe ënnert dem Kommissiounspresident Barroso kënnt schonn en Dënschdegowend fir hir éischt Sëtzung zesummen.
De Vote wor u sech scho fir den 1. Februar geplangt. Dat wor zu dem Ament awer net méiglech, well déi bulgaresch Kandidatin am Europaparlament op Widderstand gestouss wor. Bulgarien hat doropshinn decidéiert, déi fréier Vize-Presidentin vun der Weltbank, Kristalina Georgiewa op Bréissel ze schécken.
An där neier Kommissioun ass d'Lëtzebuergerin Viviane Reding ënner anerem Vize-Presidentin, éischt Vertriederin vum Kommissiounspresident Barroso, an zoustänneg fir d'Ressorte Justiz, Grond- a Biergerrechter.

