Charel Goerens: 2010 war fir d'EU en "drolegt Joer"
RTL - 06.09.2010, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.09.2010, 20:18 | 13 Commentaire(n)
2010 war an den A vum Charel Goerens fir d'EU en "drolegt Joer". An der EU gouf sech nämlech méi mat deem beschäftegt, wat alles net klappt, wéi mam Rescht

De 750 Milliarde Rettungsfong steet, och wann d'Slowakei sech net dru bedeelegt, wat fir de Charel Goerens inadmissibel ass, den Text iwwert eng europäesch Finanzopsiicht ass sprochräif a gëtt Enn dës Mounts zu Strosbuerg gestëmmt déi sougenannt Task Force fiert mat hirer Arabecht virun, an d'Griichenlandkris ass den Ament wéi et schéngt och iwwerstan.
Dat ännert awer näischt um liberalen Europadeputéierten senger Kritik, datt d'Memberlänner sou laang Zäit braucht hunn fir sech eens ze ginn. Eng Währungsunioun ouni politesch Zesummenaarbecht kann duerfir och an den An vum Charel Goerens op laang Siicht net gutt goen.
Europa ass net nëmmen no banne net gëeent opgetrueden, mä de Charel Goerens vermësst och eng eenheetlech a staark Positioun no baussen.
Sou huet Europa beispillsweis déi gréisste finanziell Hëllef fir de Pakistan geleescht, ouni datt dat dobausse bekannt wier.
Alles am allem, fënnt de Charel Goerens ginn d'Memberlänner vun der Eurozone an der Europäescher Unioun den Ament op dënnem Ais.
Mam Bléck op d'Finanzperspektiven 2013/2020 kommen nach ganz eescht Diskussiounen op déi politesch Vertrieder vun de Memberlänner duer, mengt de Charel Goerens, deen iwwregens an der Elargissementspolitik eng Denkpaus fuerdert. Nei Memberläner dierften nëmmen dann opgeholl ginn, wa sécher ass, datt se op engem stabele finanzielle Fundament stinn.


Äre Commentaire