Finanztransaktiounssteier: 9 Eurolänner wëllen EU-wäit Taxe

RTL - 08.02.2012, 13:24 | Fir d'lescht aktualiséiert: 08.02.2012, 13:34

Finanztransaktiounssteier: 9 Eurolänner, dorënner Däitschland, Éisträich, d'Belsch a Griichenland ënnerstëtzen d'Iddi vun enger EU-wäiter Taxe.

An engem gemeinsame Bréif froen déi 9 Länner déi dänesch Presidence nach an den éischte 6 Méint vum Joer e Projet auszeschaffen. Lëtzebuerg ass bei dëser Initiative net derbäi a steet der Iddi vu senger Taxe éischter skeptesch géintiwwer.

An och d'EU-Kommissioun schafft weider un enger grousser Léisung zu 27. Sou eng Steier wier wirtschaftlech z'erdroen, technesch einfach a politesch gerecht, sot den Kommissär Michel Barnier.