Engel: Näischt géint neit Mandat vum Eurogrupp-Chef Juncker
RTL - 21.05.2012, 18:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.05.2012, 17:52 | 11 Commentaire(n)
Engel: D'Decisioun wie Chef vum Eurogrupp gëtt ass immens wichteg, mä et ass jo net wéi wann den Ament kee Chef do wier.

Spéitstens zanter dem Weekend an engem Reportage am däitsche „Spiegel“, ass d'Successioun vum Jean-Claude Juncker als Chef vum Eurogrupp erëm vill méi op.
U sech huet den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble, dee sech och als Kandidat ge-out huet, als grousse Favorit gegollt. De „Spiegel“ wëll awer wëssen, dass den neie franséische President Bedenken huet.
Wann iwwerhaapt de Schäuble, dann awer net an der duebeler Funktioun, Minister a Chef vum Eurogrupp.
An elo ? Dat wëlle mer vun de Lëtzebuerger am Europaparlament wëssen. De Frank Kuffer huet doriwwer mam Frank Engel geschwat.
Seng Partei, d'CSV ass jo als éischt concernéiert, schliisslech geet et och indirekt ëm d'Fro, ob de Jean-Claude Juncker Staatsminister zu Lëtzebuerg bleift. Bis elo ass dat an den Aussoe vum Premier net a Fro gestallt: Hie bleift zu Lëtzebuerg a geet am Eurogrupp, heescht et do. Dem Frank Engel no dauert et nach bëssen, wahrscheinlech bis no de franséische Legislativwahlen, wou sech dann eraus stellt, ob de François Hollande iwwerhaapt eng Majoritéit am Parlament kritt.
D'Decisioun wie Chef vum Eurogrupp gëtt ass immens wichteg, mä et ass jo net wéi wann elo kee Chef do wier. Den ablackleche President géif ganz bestëmmt och mat den aktuellen Erausfuerderunge ganz gutt eens ginn, seet säi Parteikolleg Frank Engel, dee guer näischt dogéint hätt, wann de Jean-Claude Juncker Chef vum Eurogrupp géing bleiwen.
D'Lynn Gaspar huet beim Claude Turmes vun deen Gréngen nogefrot wéi d'Europadeputéiert d'Successioun gesinn.
Et hätt een bei der Ried zur Lag vun der Natioun gutt gemierkt, dass de Premier Jean-Claude Juncker sech a leschter Zäit ze vill mat Europa beschäftegt huet, esou de Claude Turmes.
C.Turmes: Et ass jo och kee Geheimnis, dass mir als Gréng bei senger rezenter Ried zur Lag vun der Natioun eigentlech net zefridde waren. Ech mengen den Här Juncker als natierlech och souvill mam Eurogrupp beschäftegt, dass en net richteg hei zu Lëtzebuerg no de Saache kuckt, an och hei zu Lëtzebuerg eng Rei Saache schleefen.
Wat soll de nächsten Eurogruppe-Chef dann am Här Turmes sengen Aen mat am Gepäck hunn?
C. Turmes: Ech menge wat dat wichtegst ass, dass mer herno ee Politiker hunn, dee genuch Zäit huet an och genuch Erfahrung matbréngt fir d'europäesch Unioun an och den Euro aus der Kris erauszeféieren. Et wier natierlech schéin, wann den Här Juncker dat nach géif weidermaachen. Ob der anerer Säit muss een natierlech och wëssen, dass dat ganz vill vu senger Zäit hëlt.
De Claude Turmes huet och kee Favorit... hien huet aner Suergen.
C. Turmes: Et sinn 2 Nimm am Gespréich, den Här Juncker, an den Här Schäuble.. et ass sou, dass ech perséinlech do keen Afloss hunn op deen Dossier. An der Regel probéieren ech meng Energie op déi Dossieren ze konzentréieren wou ech drop Afloss hunn... am Moment eng nei EU-Gesetzgebung iwwer Energie-Effizienz an dat ass lo dat, wou ech meng Energie muss drop asetzen. Op deen aneren Dossier hunn ech warscheinlech net vill Afloss.

Äre Commentaire