Goebbels: Juncker ass iwwerlaascht, midd a granzeg
RTL - 22.05.2012, 11:34 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.05.2012, 17:15 | 41 Commentaire(n)
Eurogroupe-Chef: De Robert Goebbels muss gestoen datt de Jean-Claude Juncker a leschter Zäit einfach iwwerlaascht, midd a granzeg ass.

D'Diskussioun ronderëm d'Successioun vum Jean-Claude Juncker als Chef vum Eurogroupe ass voll am gaangen. Bis elo gëtt et een offizielle Kandidat - dat ass den däitsche Finanzminister Wolfgang Schäuble. Et ass awer onkloer, ob hien den OK vum neie franséische President kritt - dem Spiegel no soll de François Hollande seng Bedenke par Rapport zum däitsche Kandidat hunn. Domat wier eventuell de Lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker nees an der Course - allerdéngs huet hie selwer gesot, hie wier net méi interesséiert. Am Europaparlament hat hien zejoert am November och gesot de Chef vum Eurogroupe misst ee Fulltime-Job ginn.
Datselwecht hate vrun engem hallwe Joer d'Staats- a Regierungscheffe festgehalen - et géing am Moment awer net esou ausgesinn, wéi wa si zu hirem Wuert stinn - seet den LSAP Europadeputéierte Robert Goebbels. De Kandidat Wolfgang Schäuble géing jo net als Finanzminister demissionéieren.
"Wann den Här Schäuble wierklech wëll de Successeur vum Jean-Claude Juncker ginn, da gëtt en et och. D'Madame Merkel fënnt sécher eng Zouso déi se dem Här Hollande mécht an déi den taktesche Widderstand vum Här Hollande wäert ofbriechen", sou de Robert Goebbels.
An deem Dossier wier awer nach net alles gesot.
"Et gesäit ee virun allem dass de Jean-Claude Juncker, deen e Meeschter ass fir sech selwer ëmmer am Gespréich ze loossen, manifestement net opginn huet, och wann en de Géigendeel seet", esou de Robert Goebbels nach.
Et wier awer nodeems wat de Jean-Claude Juncker selwer sot, nëmme logesch dat hien am Fall wou hie virufiert, och permanente Chef vum Eurogroupe gëtt an da misst hie säi Lëtzebuerger Premiersposten opginn.
De Robert Goebbels géing sech net onbedéngt doriwwer freeën, mä muss trotzdem gestoen datt de Jean-Claude Juncker a leschter Zäit einfach iwwerlaascht, midd an esouguer granzeg ass.
Dat gëllt natierlech nëmme fir de Fall, wou de Jean-Claude Juncker tatsächlech nach eng Kéier op héijem Niveau, zum Beispill vum François Hollande, als méigleche Kandidat an d'Spill bruecht gëtt.

Äre Commentaire