Europaparlament: De Code of conduct an der Diskussioun
RTL - 22.05.2012, 20:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 22.05.2012, 20:10 | 4 Commentaire(n)
Code of conduct: Reesen vun Deputéierten an hir Fraise sollen ëffentlech declaréiert ginn. Doriwwer gëtt et awer bei de Lëtzebuerger verschidde Meenungen.

Wa sech Ministeren oder Deputéiert d´Paie kierzen, ass dat virun allem a Krisenzäite eng Mesure, déi beim Public am Allgemengen gutt u kënnt. Et war déi éischt symbolträchteg Aktioun vun der franséischer Regierung.
Am Europaparlament gëtt den Ablack net iwwert d`Paien, ma iwwert ee Code de bonne conduite diskutéiert - an do geet et ënner anerem ëm Reesen op déi d´Parlamentarier invitéiert ginn an dorëms, ob se des Fraisen mussen ëffentlech deklaréieren oder net. An drëms, wéi wäit des Transparenz goe soll. Doriwwer gëtt et och bei de Lëtzebuerger Deputéiert verschidde Meenungen.
D'CSV-Deputéiert Astrid Lulling war als Questorin vum Parlament domat befaasst, dee Code de bonne conduite ëmzesetzen. Si ass mam Resultat ganz zefridden.
Déi ursprünglech Iddi vum Code gouf opgeweescht, seet dergéint den gréngen Europadeputéierten Claude Turmes, deen der Meenung ass, dat all Rees, op déi een Deputéierten invitéiert gëtt, muss declaréiert ginn. Grad eng Lëtzebuerger Deputéiert géif Dier an Aangel opmaache fir Lobbyisten.
Just dann wann een Interessenkonflikt besteet sollt d´Rees deklaréiert ginn, seet awer d´Astrid Lulling. Allerdéngs ass et um Deputéierte selwer, ze decidéieren, ob een Interessenskonflikt virläit oder net - an et mussen och juste Reesen declaréiert ginn, bei deenen déi 1. Klass bezuelt gëtt a wou d´Fraisen bei iwwer 300 Euro den Dag leien. Och domat ass de Claude Turmes net d´accord.
Den Opwand fir all Rees ze declaréieren ass ze grouss, fënnt d´CSV-Deputéiert. Mee och dat léisst den gréngen Deputéierten net gëllen. Dat wier guer kee groussen organisatoresche Problem.
Zanter zejoert gëtt et an der EU e Regëster, an deem all d´Lobbyisten, déi zu Bréissel an zu Stroossbuerg aktiv sinn, mussen enregistréiert ginn.

Äre Commentaire