Finanztransaktiounssteier: Majoritéit vu Lëtzebuerger dofir
RTL - 23.05.2012, 12:48 | Fir d'lescht aktualiséiert: 23.05.2012, 12:59 | 1 Commentaire(n)
Finanztransaktiounssteier: Eng Majoritéit am Europaparlament ass dofir, mee bei der Ëmsetzung gi bei de Lëtzebuerger Deputéiert d'Meenungen auserneen.

Eurobonds a Finanztransaktiounssteier - dat sinn zwou prominent Mesuren, déi als Anti-Krise-Mesure genannt ginn. Bei där éischter gëtt et bekanntlech grouss Differenzen tëscht Däitschland a Frankräich - déi wäerten um informelle Sommet zu Bréissel mat Sécherheet zur Sprooch kommen.
Bei där zweeter der Finanztransaktiounssteier - si sech d´Länner och net eens. Ganz dergéint si Groussbritannien a Schweden, och Lëtzebuerg ass skeptesch.
Elo gouf iwwert des Steier am Europaparlament debattéiert. Am Parlament ass eng grouss Majoritéit dofir - allerdéngs ginn d´Meenungen doriwwer wéi genee dës Steier misst organiséiert ginn auserneen, och ënnert de Lëtzebuerger Deputéiert.
Queesch duerch d´Parteien gëtt et mëttlerweil Supporter vun der Finanztransaktiounssteier - och bei de konservative Parteien, déi laang retizent waren - nieft der Aarbecht sollt och d´Kapital besteiert ginn, seet den CSV-Europadeputéierten Georges Bach, dee prinzipiell dofir ass.
Bleift d´Fro, wéi dës Steier soll ausgesinn, net all d'Produiten vun der Finanztransaktiounssteier dierfen d'nämmlecht besteiert ginn, seet den CSV-Europadeputéierten Frank Engel.
Den DP-Deputéierten Charel Goerens stellt sech Froen iwwert d´Konsequenzen zu Lëtzebuerg. Déi grouss Fro ass och, wou d´Steier soll iwwerall agefouert ginn - onbedéngt an alle 27 EU-Länner, seet d´CSV-Deputéiert Astrid Lulling. Allerdéngs ass eng Aféierung um Niveau vun de 27 net ganz probabel, well d´Unanimitéit wier, sou d´Astrid Lulling, net en Vue. Ob se kënnt, bezweiwelt och den LSAP - Europadeputéierten Robert Goebbels.
Enger Ëmfro vum Parlament no sinn 73 Prozent vun de Lëtzebuerger dofir, dat d´Finanztransaktiounssteier agefouert gëtt.

Äre Commentaire