"Eurojobs- Project": Jan Lachner am Stage beim Georges Bach

RTL - 27.05.2012, 18:36 | Fir d'lescht aktualiséiert: 25.05.2012, 16:44

"Eurojobs- Project": Op der Etapp Nr. 18 vu sengem Parcours mécht de Jan Lachner ee Stage beim CSV-Europadeputéierten Georges Bach.

3 verschidden Jobs an 33 Wochen an 33 europäesche Länner: Dat ass de But vun engem jonken Ingenieur - deen Ugangs des Joers säin "Eurojobs- Project" lancéiert huet.

Déi fënneft Etappe war Enn Januar zu Lëtzebuerg, wou de jonke Mann eng Woch laang an enger Agence Immobilière geschafft huet. Een halleft Joer dono ass de Jan Lachner nees eng Kéier bei engem Lëtzebuerger ukomm, déi Kéier awer zu Bréissel an zu Stroossbuerg:
Op der Etapp Nr. 18 vu sengem Parcours mécht den Jan Lachner ee Stage beim CSV-Europadeputéierten Georges Bach.

Serveur an engem Pub an Irland, Alpenhornbléiser an Eisträich, - de Reproche vum Klischee léisst den Jan Lachner och beim Flamenco-Dänzer a Spuenien net gëllen. Méi Informatiounen iwwert de Projet gëtt et op Eurojobsproject.com.