EU-Ombudsmann: Spuenier Europameeschter am Beschwéieren

RTL - 29.05.2012, 19:53 | Fir d'lescht aktualiséiert: 29.05.2012, 19:57 | 1 Commentaire(n)

Beim europäeschen Ombudsmann sinn 2011 iwwer 2.510 Plaintë vun EU-Bierger era komm. An déi meescht koumen aus Spuenien. An awer läit Lëtzebuerg vir ...

Dat lescht Joer hunn d'Awunner am südeuropäesche Land am Ganzen 361 Plainten agereecht. Hannendru komme Polen mat 233 an d'Belsch mat 190.

Proportional zu der Awunnerzuel gesinn, sinn awer d'Lëtzbuerger déi, déi sech am meeschte beschwéieren. Vu Lëtzebuerg koumen 29 Plainten un den Ombudsman Nikiforos Diamandouros. Fir 12 Stéck huet den Ombudsman och Ermëttlungen an d'Weeër geleet.


D'Saachen, iwwert déi sech beschwéiert gouf, waren an all de Länner plus ou moins d'selwecht. An de meeschten Enquêtë geet et ëm schlecht Transparenz vun den EU-Autoritéiten respektiv ëm déi schlecht Mise en Place vu verschiddene Verträg, ëm Ongerechtegkeet oder Diskriminéierung.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!