Viviane Reding: Lëtzebuerg dreift CO2 Emissiounen an d'Lut

RTL - 30.05.2012, 13:00 | Fir d'lescht aktualiséiert: 30.05.2012, 13:08 | 49 Commentaire(n)

Viviane Reding: Lëtzebuerg ass negative Champion a Punkto Ëmweltschutz a Kyotoziler. Och am Rentesystem komme mer net laanscht eng Reform.

D'EU Kommissioun huet um Mëttwoch d'Spuerpläng vun de 27 Memberlänner beuerteelt, dat heescht gekuckt, wat gutt leeft a wou d'Politik riskéiert dat europäescht Schëff a Gefor ze bréngen.

"Nach" ass de Grand-Duché e Musterschüler, seet d'Lëtzebuerger Kommissärin Viviane Reding.

Viviane Reding: Mir sinn ee vun de Musterschüler an Europa... haut... mä eis Analyse weise ganz kloer, datt wa mer net gréisser Reforme maachen, an zwar relativ séier, dass mer da vum Musterschüler zum Leschten an der Klass ginn.

Déi Reforme sinn zum Beispill am Rentesystem néideg, dat wat elo virgesinn ass ka Lëtzebuerg ënner kengem Ëmstänn virun enger Katastrophe schützen esou d'Viviane Reding.

D'Kommissioun mécht sech awer och grouss Suergen a Punkto Ëmweltschutz a Kyotoziler. Do ass d'Land den negative Champion an Europa.

Lëtzebuerg reduzéiert d'CO2 Emissiounen nämlech net, mä dreift se nach an d'Luucht, ëm 9 Prozent bis 2020. Domadder läit de Grand-Duché bal 30 Prozentpunkten hannert sengen Ziler.

D'EU Kommissioun huet haut d'Spuerpläng vun de 27 Memberlänner beuerteelt, dat heescht gekuckt, wat gutt leeft a wou d'Politik riskéiert dat europäescht Schëff a Gefor ze bréngen.

Nach ass de Grand-Duché e Musterschüler, seet d'Lëtzebuerger Kommissärin Viviane Reding:

 

CUT

 

Déi Reforme sinn zum Beispill am Rentesystem néideg, dat wat elo virgesinn ass ka Lëtzebuerg ënner kengem Emstänn virun enger Katastrophe schützen esou d'Viviane Reding.

 

D'Kommissioun mécht sech awer och grouss Suergen a Punkto Emweltschutz a Kyotozieler.

Do ass d'Land den negative Champion an Europa.

Lëtzebuerg reduzéiert d'CO2 Emissiounen nämlech net, mä dréiwt se nach an d'Luucht, ëm 9 Prozent bis 2020. Domadder leit de Grand-Duché bal 30 Prozentpunkten hannert sengen Zieler.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!