Een europäesche Fong fir Scholden ze amortiséieren

RTL - 13.06.2012, 07:29 | Fir d'lescht aktualiséiert: 13.06.2012, 06:13 | 3 Commentaire(n)

Zu Bréissel an zu Stroossbuerg leien den Ament eng ganz Parti Proposen fir Anti-Krise-Mesuren um Dësch.

Am Europaparlament gouf des Woch iwwert nei Reegelen fir eng gemeinsam Wirtschaftspolitik diskutéiert. Konkret geet et ënner anerem ëm een gemeinsame Fong fir Scholden, déi iwwer 60 Prozent vum PIB leien, z'amortiséieren.

Dee Fong gëtt och Scholden-Tilgungs - oder och Redemption-Fong genannt. Dohannert verstoppt sech eng Mesure, déi virun allem als Konsequenz soll hunn, datt d'Zënsen erofginn, seet den DP-Europadeputéierten Charel Goerens.

D'Iddi vun esou engem Fong geet an Direktioun vun den ëmstriddenen Eurobonds - an do ass gewosst, dat et Oppositioun virun allem aus Däitschland gëtt.


Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!