Europaparlament suspendéiert Kooperatioun mam Conseil

RTL - 14.06.2012, 12:30 | Fir d'lescht aktualiséiert: 14.06.2012, 12:57 | 12 Commentaire(n)

D´Europaparlament suspendéiert d´Zesummenaarbecht mam Conseil - dat huet en Donneschdegmëtteg de President vum Parlament de Martin Schulz declaréiert.

Et geet ëm eng Decisioun vun den Inneminister vun der leschter Woch iwwert Ännerungen am Schengener Accord. D´Ministeren haten decidéiert, dat d´Grenzen a verschiddene Fäll kéinten zougemaach ginn a si haten och decidéiert, dat d´Europaparlament bei verschiddenen vun deenen Ännerungen net matschwätzen dierf .

Als Reaktioun suspendéiert d´Parlament d´Zesummenaarbecht mam Conseil a verschiddenen Dossieren ronderëm den Accord vu Schengen, oder de Verhandlungen iwwert de Budget vun der Innenpolitik an deenen iwwert déi perséinlech Date vun de Passagéier.

D´Parlament huet och decidéiert keng Plainte vru Geriicht ze maachen, well d´Experten am Parlament der Meenung waren, dat de Conseil net géint europäesch Gesetzer verstouss huet.

Iwwert dës Reaktioun gouf et am Parlament eng grouss Majoritéit queesch duerch d´Fraktiounen. Sou een Accord tëscht de verschiddene Parteien hätt et nach ni ginn, a senger Zäit am Europaparlament, sou de Martin Schulz. All d´Fraktiounen hunn dofir gestëmmt, mat der Ausnahm vun de Konservativen Euroskeptiker.

Kee Parlament vun der Welt, géif et akzeptéieren, wann et bei der Decisioun iwwert Gesetzer géif ausgeschloss ginn, sou den Martin Schulz. D´Parlament ass bereet, nees un de Verhandlungsdësch zeréckzekommen, wann de Conseil seng Decisioun revidéiert. Bis dohi leien déi Dossieren op Äis.

Äre Commentaire


D'Commentairë gi gelueden, ee Moment w.e.g.!